LuxFilmFest-Blog"NEU am KINO" - 10. Dag

De Claude Neu suergt mat sengem Blog fir den Iwwerbléck iwwer déi 10 Deeg vum Festival an deelt esou seng Andréck, Kritiken a Rencontere mat.

Präisiwwerreechung Luxfilmfest (11.03.2017)
E Freideg goufen d'Gewënner vun den eenzele Präisser bekannt gemaach.

D'Präisser vum Luxfilmfest si verdeelt an zanter e Freideg den Owend oder spéitstens e Samschdeg de Moie jidderengem bekannt. Ech brauch also hei net erëm all eenzele Präis opzezielen. Dass de Kaurismaki den Haaptpräis krut, war mer bal sécher, ma ech wousst net, ob déi Berliner Auszeechnung de Jury vläicht géing zu enger aner Decisioun bréngen. De Kritikerpräis goung u mäin zweete Favorit "Glory" an och do sinn ech also Happy driwwer, geneesou wéi d'Mentioun fir de chineseschen "I am not Madame Bovary", deem seng Inzenéierung eng Unheefung vu gudden Iddien a wonnerbare Biller ass.

Wat mech awer immens erstaunt huet war de Prix du Public fir "Dark night", wat alles, ma keen traditionellen Erzielkino ass. War et vläicht, well bal nëmme ganz jonk Leit am Sall, wéi um Ecran, waren? Et ass op alle Fall flott ze gesinn, dass e Film, deen net narrativ ass a sech ganz vum "story telling" distanzéiert, och seng Chancen bei opkommende Generatioune huet. Deemools an 2003, wéi dem Gus van Sant säin "Elephant" d´gëlle Palm zu Cannes ewech gedroen huet, kann ech mech erënneren, dass et op der Croisette tëschent menge Kritiker-Kollegen nëmmen esou geflaamt huet, wat deen immens ëmstriddene Film ubelaangt huet.

Wat den offizielle Blabla virun der Iwwerreechung ubelaangt, do ass just festzehalen, dass esouwuel de Staatssekretär fir Kultur Guy Arendt, wéi de Schäffe vun der Gemeng Patrick Goldschmidt (de Premier an d'Buergermeeschtesch hu sech entschëllege gelooss) hier Participatioun fir d'nächst Joer confirméiert hunn. Luef gouf et och vun alle Säite fir déi zwee Haaptresponsabel vum Festival, den Alexis Juncosa an Gladys Lazareff, déi et vu Joer zu Joer fäerdeg bréngen, de Festival e bëssche méi prestigiéis ze maachen. D'Gladys schéngt op alle Fall e ganz positive Pré-Bilan zéien ze kënnen.

Neu am Kino / Extrait Gladys Lazareff

Vun der offizieller Jury blouwen um Freideg just zwee Vertrieder zeréck. Onse Regisseur vun den excellente Filmer "Doudege Wénkel" an " Eng nei Zäit" de Christophe Wagner an de Marokkaner Faouzi BenSaidi, deen esouwuel Regisseur, wéi Schauspiller ass, a mat sengen Inzenéierungen och ewell eng Rei Präisser krut. Déi Zwee hunn ech mer erausgegraff, fir mer hier Kommentaren "à chaud" matzedeelen. Deen Éischten iwwer de Choix vun der Jury dem Kaurismaki no Berlin trotzdem nach eemol den Haaptpräis ze ginn, deen Zweeten iwwer Diskussiounen ronderëm déi aner Filmer. Lëtzebuerg hannerléisst dann och mat sengem Festival bei him e gudden Androck. An de Christophe Wagner schéngt um Enn nach eemol meng perséinlech  Meenung ze ënnerstëtzen, wat d'Polemik em déi Lëtzebuerger Filmer am Festival ubelaangt.

Neu am Kino / Extrait Christophe Wagner an Faouzi BenSaidi

Ende gut, alles gut, kéint een do bal soen. Ma esou wäit si mer nach net. Soe mer nach dass de Film " Django" e Freideg no der Präis-Iwwerreechung näischt anescht war, wéi klasseschen Erzielkino. Ganz flott gemaach, erzielt hien dem "Gipsy King" Django Reinhardt seng Schwieregkeeten mat den Däitschen am zweete Weltkrich. E bësschen nom Muster vum Bope-Kino, ma Amateure vu senger beschwenkter Musek si sécherlech op hier Käschte komm.

E Samschdeg den Owend ginn ech mer nach "hors compétition" de Film "Porto" ukucken. Ganz eleng schonn, well ech just  virum Festivalufank zu Porto e puer Deeg verbruecht hunn an déi Staat mech total begeeschtert huet. An e Sonndeg sinn ech nach méi wéi virwëtzeg op dem Terrence Malick säin Ofschlossfilm "Song to song". Besonnesch well et ee vun deene Regisseuren ass, déi mat hiren oppulente Biller a speziellen Atmosphären d'Kritiker-Welt ëmmer erëm an zwee splécken. Awer och, well Naturtalenter wéi Michael Fassbender, Cate Blanchett, Ryan Gosling an Natalie Portman zesummen op engem Ecran ze gesinn, schonn eleng dat grousst Kribbele bréngt.

Méi iwwer e Samschdeg an e Sonndeg dann eng leschte Kéier an dësem Blog e Méinden an engem Ofschlosskapitel, no enger klenger Sonndespaus. Ech wënschen Iech bis dohinner e schéint Enn vum Weekend.... hoffentlech mat e Sonndeg grad esouvill Sonn, wéi um Samschdeg.

DOSSIER: Blog, News, Gewënnspiller a villes méi iwwert de Luxfilmfest 2017.

Präisiwwerreechung Luxfilmfest (11.03.2017)
E Freideg goufen d'Gewënner vun den eenzele Präisser bekannt gemaach.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.