VIDEO: "Ashcan" vum Willy PerelszteijnNS-Verbriecher am Palace Hotel zu Munneref

"Codename Ashcan" ass den Titel vun enger Film- an Theaterproduktioun, an deem d'Gefangene-Lager Ashcan am Mëttelpunkt steet.

E Freideg den Owend ass d'Première vum Documentaire "Ashcan" (02.03.2018)
Am Kader vum Lux-Film-Fest ass e Freideg am Ciné Utopia d'Avant-Première vun "Ashcan", en Documentaire, deen an Zesummenaarbecht mam CNA entstanen ass.

Munneref huet kuerz nom 2. Weltkrich eng wichteg Roll gespillt. Am Palace Hotel goufen NS-Verbriecher verhéiert, als Virbereedung op d‘Nürnberger Prozesser. Dëst Gefaangenelager war awer sou geheim, datt et wéineg Material driwwer gëtt An dohier wonnert et net, datt Camp Ashcan och ville Lëtzebuerger kee Begrëff ass. Wéi huet Camp Ashcan ausgesinn? Wee war ënnert de Gefaangenen? Wéi grouss waren d’Rivalitéiten ënnereneen? A wéi soll des wichteg Episod vun eiser Geschicht opgeschafft ginn?

Munnerefer Geschicht (04.05.2017)
Munneref huet kuerz nom 2. Weltkrich eng wichteg Roll gespillt.


Dëst Lager haten déi Alliéierten ënner amerikanescher Leedung um Enn vum zweete Weltkrich am Hotel Palace zu Munneref ageriicht. Hei sinn tëscht Mee a September 1945 verschidden héichrangeg Nazien a Genereel verhéiert ginn, ier se zu Nürnberg vru Geriicht koumen. Ënnert de Prisonéier waren ënner anerem Göring, von Ribbentropp oder von Runnstedt, ënnert de jonken amerikanesche Offizéier och de spéideren Ambassadeur zu Lëtzebuerg John Dollibois.

De belsche Realisateur Willy Perelsztijn beschäftegt sech a senge Filmer zënter 30 Joer mam Thema "Mémoire". Hie war och de Produzent vum Claude Lahr sengem Documentaire "Heim ins Reich". Mat dësem Film wëll hien en Thema opgräifen, iwwer dat nach wéineg bekannt ass.

De Willy Perelsztijn iwwer d'Mémoire



Fir de Film "Codename Ashcan" z'illustréieren, gräift hien op en Film-Theater-Experiment zeréck. Dëst Lager zu Munneref war nämlech sou geheim, datt et nëmme wéineg Beweis-Material gëtt. Fir den Documentaire huet de Realisateur Willy Perelsztejn eng aussergewéinlech Method gewielt: hien huet am Abrëll d'lescht Joer d’Prouwe fir d’Theaterstéck „Codename Ashcan“ am TNL gefilmt.

De Willy Perelsztijn



Fir den Direkter vum TNL Frank Hoffmann ass dës Collaboratioun eng grouss Erausfuerderung an eng Innovatioun gewiescht.

De Frank Hoffmann iwwer d'Zesummespill Film/Theater



Den Documentaire „Ashcan“ vum Willy Perelszteijn huet e Freideg um Luxfilmfest seng Premiere gefeiert an am September kënnt de Film dann och bei eis an d'Kinoen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.