VIDEO - Tolkien-Univers zu LëtzebuergExpo "There and back again" am Cercle Cité

Wierker vum Illustrator John Howe, ënner anerem fir "Lord of the Rings", ginn den Ament an der Stad gewisen.

Expo "There and back again" (16.02.2018)
Zeechnunge vum John Howe am Cercle Cité
Am Kader vum "Luxembourg City Film Festival", bitt de Cercle Cité momentan eng nei Expositioun un. "There and back again" weist eng 40 Wierker vum kanadeschen Illustrator John Howe.

Dovunner sinn der 30 am Kader vun de Filmer “The lord of the rings” entstanen. Den John Howe huet d’Illustratioune fir d’Filmrei gemaach. Ouni hien hätten déi bekannte Figure vläicht ganz anescht ausgesinn.

De Kënschtler stellt sech géint eng nei Zäit, an där alles digital funktionéiert, alles méi haart a méi séier gëtt. Säi Schaff-Instrument ass de Bläistëft.

Wien elo selwer an eng Welt voller fantastescher Wiesen a frieme Landschafte reese wëll, kann dat nach bis den 18. Mäerz am Cercle Cité maachen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.