LuxFilmfest 2018 - Blog 3Eng Grimmel méi gemächlech…a vill schéi Biller

De Jemp Thilges suergt mat sengem Blog fir den Iwwerbléck iwwer déi 10 Deeg vum Festival an deelt esou seng Andréck, Kritiken a Rencontere mat.

Den éischte Weekend vum Festival wier gepackt, sou wäit ech weess, hunn de grousse Jury ënner dem Atom Egoyan an och de Pressejury schonn hir Decisioune geholl, mä ech hunn awer net erausfonnt, wat fir eng Filmer dann déi nächst Filmpräisser iwwerreecht kréien. Do heescht et ganz einfach "wait and see" a sou vill Filmer wéi méiglech kucke goen, an der Hoffnung datt dee "Richtegen" derbäi ass oder war. Fir mech ass et jo eng Grimmel méi einfach dëst Joer – éischtens hat ech jo schonn eng Partie Filmer zu Toronto gesinn (dat hëlleft !) an zweetens sinn ech dëst Joer net am Pressejury, ech muss mer deemno net alles ukucke respektiv undoe – well wéi bei all Festival ginn et och beim LuxFilmfest Saachen, déi net musse sinn a fir déi d’Liewen ze kuerz. Bei "eisem" Festival hale sech déi Filmer an erträgleche Grenzen, mä ee vun de Grënn, firwat ech 2017 an 2018 Berlin no 31 Joer opginn hunn, war deen, datt do d’Selektioun vu Filmer vu Joer zu Joer zu enger méi grousser Folterkummer gouf, wat mir verschidde Kollegen och fir d’Berlinale 2018 bestätegt hunn, déi jo elo just eriwwer goung.

Zeréck op Lëtzebuerg mam MARY SHELLEY vun der Haifaa Al-Mansour, déi als iresch, amerikanesch, lëtzebuergesch Koproduktioun gedréint gouf, mam Elle Fanning an Douglas Booth an den Haaptrollen, e Film deen och zu Toronto a Weltpremière gewise gouf. Fir déi, deenen den Numm Mary Shelley net geleefeg ass, sief gesot, datt si et war, déi mat knapp 18 Joer de Roman "Frankenstein" geschriwwen huet, am 19. Joerhonnert, enger Zäit wou Schrëftstellerinne beschtefalls ausgelaacht a vun der Literaturzeen iwwerhaapt net beuecht goufen. De Film, deen zum Deel och hei am Land gedréit gouf, ass fir meng Gefiller zwar eng Grimmel ze gemächlech, roueg a kontemplativ ausgefall (am selwechte Sënn wéi dem Sofia Coppola säi Remake vun "The Beguiled", wou d’Elle Fanning och matgespillt huet), mä d’Ästhetik vun de Biller an d’Interpretatioun vum Elle Fanning ass derwäert, sech de Film unzekucken – wann der net ze midd sidd. Déi Dynamik, déi an deene verschiddene Frankenstein-Kinofilmer dran ass, fënnt ee leider an der saudiarabescher Regisseurin Haifaa Al-Mansour hirem Film net erëm, mä schéin ass en.

FREE AND EASY ass eng chinesesch Komedie - oder soe mer léiwer eng chinesesch "Grotesk" - déi schonn 2016 zu Hongkong entstanen ass, an déi 2017 um Sundance Film Festval mam Spezialpräis vun der Jury ausgezeechent gouf. Um LuxFilmfest ass et ee vun de Filmer, déi an der Kompetitioun gewise ginn an och hei ass et besser, wann ee gutt ausgeschlof ass, well och dëse Film en immens rouegen Erzielrhythmus huet, deen awer zimlech gutt bei déi "pauméiert" Personnage passt, déi an der Geschicht optrieden, an och d’Industriebroochen, wou dat Ganzt gedréit gouf, sinn net wierklech geduecht, fir mat der Kamera derduerch ze rennen. An enger Stad am Norde vu China, wou d’Wirtschaftswonner schonn nees duerch d’Bascht ass, treffen sech zwee Gauner, déi d’Leit op hier ganz speziell Manéier beduxen an hinnen d’Mënz aus der Täsch zéien. Déi Zwee treffen op zwee Polizisten, déi de Polver och net erfonnt hunn, déi awer versichen, deenen Zwee d’Handwierk ze leeën. Den Humor mat deem de Regisseur Gen Jun schafft, ass net deen, bei deem en sech op d’Bee facht a brëllt vu laachen, mä éischter dat, wat een op Englesch "deadpan" nennt, Laurel an Hardy ouni de Slapstick, mat laange Kameraastellungen déi aus der knaschteger Landschaft eng Aart "Sergio Leone - John Ford" Dekor maachen, mä ouni Bierger am Hannergrond an och ouni Päerd. Vläicht hätt de Film net mussen 100 Minutten daueren, mä et ass net oninteressant ze kucken, wéi e chinesesche Regisseur versicht, mat intellektuell ugehauchten Humor kloer ze kommen. Och wa FREE AND EASY alles anescht wéi e Publikumsfilm ass, géif et mech net wonneren, wann ee vun de Juryen deen op senger Lëscht hätt. Op jidder Fall léiwer dee wéi den HOLIDAY, iwwer deen ech mech jo schonn op dëser Plaz ausgelooss hunn.

E richtegen "Objet filmique non identifié " ass de kanadesche Film ALL YOU CAN EAT BUDDHA vum Regisseur Ian Lagarde, deen ech och zu Toronto gesinn hunn an dee mer och an d’Kategorie "quirky" a "grotesk" areie mussen. Hei geet et em de Mike, en nawell zimlech décken a schwéieren Turist, deen an engem méi oder wéineger paradisesche Resorthotel an der Karibik doduerch opfält, datt ee sech eigentlech just fir déi sëllech Buffeten interesséiert, déi an dann och erafeiert, wéi wann et säi "last supper" wier. A während Woch fir Woch nei Touriste mat Bussen erakutschéiert ginn, bleift de Mike eng Konstant am Hotel. An iergendwéi beréiert seng buddhaméisseg Präsenz d’Liewe vun enger ganzer Hickecht Leit am an ronderëm den Hotel, vläicht ass hie jo effektiv eng Reinkarnatioun vum groussen Hellegen, well Wonner kann en anscheinend wierken.  Grad wéi bei MARY SHELLEY a FREE AND EASY ass och den ALL YOU CAN EAT BUDDHA e Film bei deen een heiansdo mengt, et géif een d’Gras gesi wuessen. Mä wann ee sech op de gemächleche Rhythmus aléisst an dem gudde Mike méi no kënnt, ass och dëse verréckte Filmchen net vun der Hand ze weisen. Der musst just wëssen, op wat der Iech aloosst.



Jemp Thilges

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.