LuxFilmFest 2018 - Blog 4D’Wollefsmamme vum Kierchbierg

De Jemp Thilges suergt mat sengem Blog fir den Iwwerbléck iwwer déi 10 Deeg vum Festival an deelt esou seng Andréck, Kritiken a Rencontere mat.

Schreif engem lëtzebuergesche Schauspiller eng gutt Roll … an da kucks de mol wat geschitt. Zënter datt d’Vicky Krieps mat senger Haaptroll am Paul Thomas Anderson sengem PHANTOM THREAD reegelrecht explodéiert ass a weltwäit gefeiert gëtt, huet dee Saz eng ganz aner Bedeitung krut. Mir kënnen, wann een eis d’Geleeënheet gëtt! Leider ginn et hei am Land sou gutt wéi keng Auteuren (oder op d'mannst ganz wéineg), déi Dréibicher schreiwe kënnen, mat Rollen, an deenen och eis Schauspiller weise kënnen, wat se drop hunn. An dowéinst ass eng (däitsch-lëtzebuergesch) Serie wéi BAD BANKS vum Christian Schwochow, vun där e Mëttwoch den Owend zwou Episoden am Kader vum LuxFilmFest gewise goufen, an déi um Donneschdeg op ARTE an de Weekend um ZDF uleeft, sou wichteg fir eis Schauspiller. Rollen, déi hinne quasi op de Leif geschriwwe goufen, dierften hinnen erlaben, sech – grad wéi d’Vicky –och international profiléieren ze kënnen, zemools si als gutt Lëtzebuerger net eng, net zwou, net dräi mä op d'mannst véier Sproochen drop hunn, wat natierlech an enger Serie iwwer international Banke bei engem Produzent ganz wëllkomm ass.

De Jemp eise Blogger a Filmkritiker.

Eng Damm wéi « eist » Désirée Nosbusch ass schonn e puer Joerzéngten am Film- an Televisiounsgeschäft, mä ech kann Iech garantéieren, dat hatt nach ni esou eng iwwerzeegend Roll ugebuede krut, wéi déi vun der äiskaler berechnender Bankdirektesch Christine Leblanc am BAD BANKS. Op Facebook huet eng Frëndin sech opgereegt, dat en däitsche Journalist d’Désirée als eng « alternde Bankerin » bezeechent huet, mä de Journalist huet net Onrecht – well d’Désirée spillt dee Personnage wéi eng « al Louder », déi méi wéi eng Rechnung opstoen huet, déi se deemnächst encaisséiere wëll. En anere Lëtzebuerger am Cast vu BAD BANKS ass de Marc Limpach, deen de Luc Jacoby spillt, e Lëtzebuerger Banker, deen nëmmen duerch säi Papp, Ties Jacoby (elegant gespillt vum Germain Wagner) d’Leeder eropgetrollt ass. Hien huet en zolitten Drogeproblem, ass wéi vill Männer am Bankeberäich extrem vu sech ageholl an ass am Fong geholl och Schold drun, dat d’Jana Liekam (Paula Beer) zu Lëtzebuerg entlooss gouf an elo zu Frankfurt versicht, d’Sau aus dem Bankestall erauszeloossen. De Marc Limpach explodéiert hei och no alle Reegele vun der Konscht, hien huet an der éischter Episod eng Zeen, wou en enger Grupp vu Strummerten (don’t ask!) d’Bankwiesen erkläert, déi carrement an d’Anthologie vun der Lëtzebuerger Schauspillerei agoe wäert. A wann ee weess, wat a wou de Marc Limpach am « richtegen » Liewe schafft, da kritt seng Roll nach méi Déifgang.

Déi däitsch Schauspillerin Paula Beer (ënner anerem gesinn am Film "Frantz* vum François Ozon) spillt d’Jana Liekam, déi am Mëttelpunkt vun der Serie steet, de Barry Atsma hire Chef, deen och fir de Profit an d’Bottom Line iwwer Läiche geet.



Iwwerhaapt ass d'Serie bis an déi klengste Roll perfekt besat, an et wäerten och am Laf vun de nächsten Episoden nach aner Lëtzebuerger a méi oder wéineger grousse Rollen optrieden – Dir musst also d’Aen ophalen. Iwwer eng Damm, déi mer besonnesch an d’Ae gesprongen ass, muss ech nach e Wuert verléieren. Si heescht Mai Duong Kieu, ass Vietnamesin, spillt d’Roll vun der Bankemployée Thao Hang, déi méi wéi ee Clash mam Jana Liekam huet an eng Aart « mante religieuse » spillt, déi d’Männer fir hir Zwecker benotzt a se « frësst », wa se net méi gebraucht ginn. D’Mai Duong Kieu ass net nëmmen eng immens schéi jonk Fra, mä se huet hir « feministesch » Roll (wann een dat sou nennen dierf) voll drop. « Et elle n’a pas froid aux yeux » géif de Fransous soen! Dir wäert verstoen, wat ech mengen, wann der d’Serie op der Televisioun kuckt.

Den däitsche Koproduzent huet bei der Première erzielt, dat d’Serie BAD BANKS, déi mëttlerweil an iwwer 30 Länner verkaf gouf, ouni Lëtzebuerg a säi Film Fund net méiglech gewiescht wier. Sou eppes héiert een ëmmer méi oft an et ass de beschte Beweis dofir, dat hei am Land zënter dat et de Film Fund gëtt, immens vill richteg gemaach gouf, zum Beispill um Gebitt vun der Animatioun, wou mer jo dëse Weekend och nees e Film (The Breadwinner) bei den Oscaren derbäi hunn. Wien d’Evolutioun vum Kino a vun de TV-Serien op Netflix oder Amazon Prime verfollegt, wees wéi wichteg gutt gemaachten a clever Serië mëttlerweil weltwäit gekuckt ginn. An deem Sënn ass och BAD BANKS fir d’Standplaz Lëtzebuerg als « Filmland » eng eminent wichteg Visittekaart, well ebe weltwäit gesi gëtt, mat wéi vill Engagement zu Lëtzebuerg d’Filmbranche ënnerstëtzt gëtt a wat fir Talenter an eisem klenge Land erugewuess sinn.

Elo hunn ech Iech bei all deene Komplimenter iwwer d’Serie BAD BANKS nach guer net gesot, ëm wat et iwwerhaapt geet, mä dat ass u sech och net wichteg, well ee sech de Film vu 6 mol 52 Minutte selwer ukucke soll, fir d’Geschicht mat all hire Ramifikatiounen ze genéissen an och ze verstoen. Selbstverständlech kommen d’Banken net gutt derbäi ewech an och wann der nach ni Banke gesinn hutt, déi sou Nimm wéi déi am Film hunn, dann dierft d’Skandalserie ëm d’Deutsche Bank vun de leschte Jore sécher Pätter a Giedel bei den Dréibuchauteure gespillt hunn. An et muss een och net besonnesch vill Anung vum Bankgeschäft, vun Derivaten a vun anere Produkter hunn, fir de Film ze verstoen – dat ass souwisou därmoosse komplizéiert, dat keng Sau méi den Duerchbléck méi huet. An dorëms geet et jo och – alles sou ze verwëschen, datt och d’Autoritéiten dräimol kucke mussen, fir iwwerhaapt ze verstoen, wat an dem Milieu gespillt gouf an och nees gëtt. An do kënnt dann och d’Erklärung vum Titel vun dësem Blog an d’Spill – nom « Wolf of Wallstreet » mam Leonardo di Caprio kommen dann elo « D’Wollefsmamme vum Kierchbierg » mam Paula Beer, Désirée Nosbusch a Mai Duong Kieu (mierkt Iech den Numm) an Är waarm Stuff doheem. Bei Arte an um ZDF. Show me the money !    

Jemp Thilges



 

  

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.