EADe Release vu Battlefield V ass no hanne verréckelt ginn

Den Datum vum Release gouf elo vum 19. Oktober op den 20. November geréckelt.

Ufanks war geplangt, dass de neie Battlefield tëscht "Call of Duty: Black Ops 4" (12.10) a Red Dead Redemption 2" (26.10) erauskommen.

Majo elo kënnt et wäit no Red Dead Redemption 2 eraus, nämlech den 20. November.

De Grond fir dës Verspéidung sinn nach eng Rei lescht Ännerungen um Gameplay, elo den Entwéckler DICE.

Verschidde Medie mellen awer, dass et och grad den Datum kéint gewiescht sinn. Mat engem méi spéiden Datum, géif een sech vun de Konkurrenz-Spiller op alle Fall mol ofsetzen.

Wichteg fir DICE ass et virun allem, d'Spill virum Black Friday den 23. November erauszebréngen. En plus gëtt natierlech elo mam neien Datum nees verstäerkt iwwert de neie Battlefield-Titel geschwat.

Bei der Beta-Versioun ännert sech iwwregens näischt, déi geet wéi geplangt de 6. September op, dat fir PC, Xbox One a PS4.