Nintendo SwitchPokémon: Let's Go Pikachu an Evoli-Konsolen de 16. November

Wéi Nintendo annoncéiert huet, wäerten 2 nei Switch-Editiounen erauskommen, eng Kéier eng Pikachu- an eng Kéier eng Evoli-Edition.

Spiller déi sech gär wëlle Pokémon: Let's go uschafen an awer nach keng Nintendo Switch hunn, fir déi kéint vum 16. November un eng interessant Combo offréiert ginn.

Hei wäerten et zwou Editioune ginn, fir déi een sech decidéiere kann. Eemol eng Pikachu-Edition an eemol eng Evoli-Edition.

An deene Bündelen ass Folgendes enthalen:

- Eng Nintendo Switch- Konsol am Pikachu- oder Evoli-Design
- Joy-Con-Manetten am Pikachu oder Evoli-Design
- eng speziell Lued-Statioun
- eng pré-installéiert Versioun vu Pokémon: Let's Go, Pikachu oder Pokémon: Let's Go, Evoli
- e Poké Ball Plus