Red Dead Redemption 2-ReviewD'Ära vun de Konsolen huet mat RDR2 den Héichpunkt erreecht

Rockstar Games huet mat Red Dead Redemption 2 eent vun de beschte Spiller vun de leschte Joeren geliwwert. Dat a punkto Gameplay, Grafik a Story-telling.

Rockstar Games ass e Publisher, deen sech virun allem duerch seng GTA-Serie e Numm gemaach huet. Et ass e Publisher, deen awer och mat anere bekannten Titele wéi Max Payne, Midgnight Club, L.A. Noire oder Manhunt ëmmer nees bewisen huet, dass se hire qualitativ héijen Niveau an hirem eegene Stil trei bleiwen a virun allem de Gamer konstant, wann och mat gréisseren Ofstänn eppes bidden. Mä wahrscheinlech huet de Publisher manner Drock, wat sech finallement um Endproduit, dem Spill, och kloer auswierkt.

D'Lat louch beim Hibléck op déi eegen Ufuerderungen definitiv héich an ass net méi einfach ze erreechen, wann ee bedenkt, dass och beim Release vum neie Western-Hit keen Online-Mode zur Dispositioun stoung an en Datum vum Release nach net wierklech fest ze schénge schéngt.

Wéinst der Gréisst vum Spill huet et menger Meenung no Sënn gemaach, eng Review eréischt no enger gewëssener Spilldauer ze maachen an net no 1-2 Deeg, virun allem fir sech net eventuell vun den éischten Andréck blenden ze loossen.

D'Story vum Spill

Vir mech perséinlech dee Punkt, deen direkt am meeschten ervirstécht an d'Spill zu deem mécht wat et ass. Et ass generell einfach "mind-blowing" wéi exzellent déi cinematographesch Ëmsetzung a verschiddene Spiller mëttlerweil ass, Red Dead Redemption ass hei e Musterbeispill, wann net souguer dat beschte Beispill wat een fir Konsolen (Stand 2018) fanne kann. Et fillt een sech reegelrecht an d'Enn vum 19. Joerhonnert a Nordamerika versat, dat an all senge Facetten a sengem
Charme.



De Charakter Arthur Morgan representéiert zwar d'Bild vun engem Cowboy, allerdéngs net dem Cowboy, dee meeschtens a Filmer a Bicher virgestallt gëtt, mä e Cowboy um Enn vun der Era vum wëlle Westen, dem ausstierwende Cowboy souzesoen. Dëse Setting huet mer vu vir era gefall a spigelt sech och ëmmer nees an der Story erëm.

D'Angscht, respektiv den Drock, deen ëmmer méi vun den „ziviliséierte“ Stied an dem Rechtsstaat kënnt ass eng flott a frësch Thematik, bei där ee mol en anere Bléck op de sougenannte Wild West kritt. Zesumme mat senger Dutch van der Linde Gang probéiert hien säin Outlaw-Lifesyle oprecht ze erhalen.

Ëmmer nees gëtt den Arthur Morgan mat neie Personnagen aus senger Gang, aus de verschiddene Stied oder soss enzwousch konfrontéiert an erlieft esou eng Aventure no der anerer, dat am gewinnten, dirty Rockstar Games Style, deen d'Fans sou gär hunn. Ënnert anerem gëtt d'Gang zum Beispill ëmmer nees mat de Pinkertons, enger Detektiv-Agence, konfrontéiert, sou dass een sech op senger Rees och dauernd verfollegt fillt. Vun den Dialogen an der Synchronisatioun vun de Charakteren an der Mise en Scène guer net ze schwätzen. Absolut fantastesch a vill Léift zum Detail.

Prinzip vum Spill

Mam Arthur Morgan befënnt een sech op enger riseger Map, déi eben representativ mam wëlle Westen am Joer 1899 ass. Eleng de Fakt, dass d'Spill an der net-digitaler Form op 2 Diske kënnt, weist, dass d'Kaart de Spiller vun der Gréisst hir scho bal erschléit, dat natierlech am positive Sënn.

Am Spill selwer geet et drëms Missiounen oder Side-Missions ze packen, déi een also an der Story weiderbréngen. Ganz am Stil vum Sandbox-Prinzip (GTA) ass et dem Spiller awer iwwerlooss, wéi en sech hei organiséiert a wéi séier een dat maache wëll. Stonne kënnen  nämlech eleng beim upgrade vu sengem Päerd, senge Waffen oder sengem Camp drop goen. Do dernieft kann een awer och mol an d'Stad reiden an eng Poker spille goen, sech e neit Gezei kafen oder eng Bar iwwerfalen. Och Déiere joen oder Fësch fänken ass net nëmmen nëtzlech, mee mécht och nach extrem Spaass an ass, wéi praktesch alles am Spill, enorm detailléiert a realistesch ëmgesat.

Dass een hei emol fir kuerz vergësst, den Haaptstrang vun der Story weider ze dreiwen ass net nëmme wahrscheinlech, mä och nach iwwerhaapt net schlëmm. Well genee sou wéi bei GTA, mécht genee dat am meeschte Spaass. Déi Méiglechkeet, déi Rockstar Games de Leit léisst, vir entweder a Mann vum Gesetz oder en Héichkriminellen ze sinn, mécht absolut Spaass an d'Spill virun allem och erstaunlech interessant a spannend.

De System funktionéiert hei ganz einfach: behëlt een sech gutt, ass alles an der Rei, wëll een awer gäre mol Leit iwwerfalen, Schéissereien oder Kläppereien ufänken oder Ranchen terroriséieren, deen muss sech mat de Konsequenze vum Gesetz auserneesetzen. Fir am Vokabulär vum Wild West ze bleiwen: Et ass ee "Wanted". Dëst kann sech op Regiounen oder Stied auswierken, hei muss een dann oppassen, dass een net erkannt gëtt, well ee soss emol séier vun engem Sheriff festgeholl oder erschoss gëtt. Hei lount et sech da virdrun d'Kappgeld ze bezuelen. Deet wéi, mä erliichtert d'Liewe vum Arthur Morgan allerdéngs ëm sou munches.

Gameplay a Grafik

Wou soll een hei nëmmen ufänken... D'Spill ass op sou engem héijen Niveau am Verglach zu anere Spiller, dass et bal schwéier gëtt, net ëmmer nees an d'Schwäermen ze geroden, dat och no bal 2 Wochen intensivem Zocken. D'Steierung vum Spill gefält mer extrem gutt, enger Partie Leit ass de Rockstar Stil jo heiansdo net geheier, virun allem well en extrem realistesch, also e wéineg méi "schwéierfälleg" ass. Mär perséinlech gefält dat ëmmer ganz gutt an hunn domadder absolut kee Problem.

Dat ganzt passt natierlech bei déi komplett verréckt Grafik, bei där Rockstar Games mat RDR2 ouni Zweiwel nees Standarde setzt, a wat fir Standarden. De Gaming ass definitiv eleng duerch déi wonnerschéi Grafik, déi hei op der Konsol arreecht gëtt, no fir gedriwwe ginn an ass eng kloer Uso un aner Game-Entwéckler, déi elo op eng imposant Manéier gewise kruten, wou de Niveau ukomm ass.

D'Grafik kombinéiert mat sou engem Spill, dat sech esou intuitiv stéiere léisst an sech trotzdeem op dat Néidegst begrenzt, fir de Spillspaass ze garantéieren, ass wuertwiertlech en eemolegt Erliefnis, dat e Gamer vum 21. Joerhonnert sech definitiv net dierf entgoe loossen. De Spillspaass am Spill ass nämlech dat, wat de Spiller un der Staang hält, an dat kritt ee bei RDR2.

E groussen Afloss dorobber huet zum Beispill d'Schéissen, dat mam iwwerschafften Dead-Eye Modus bei Wäitem nach méi Spaass mécht. Hei kann een a Slowmotion seng Géigner erschéissen, respektiv der e puer markéieren an dono wéi e Richtege Cowboy aus der Hëft eraus eliminéieren. Och d'Schéisse vum Päerd erof ass exzellent ëmgesat, hei geet souguer d'Afänke mam Lasso extrem gutt. Mä dëst ass just ee Beispill vu villen...

E weidere Punkt dee positiv opfält ass d'Ëmstelle vun der Kameraperspektiv. Hei kann een nämlech an de First-Person-Modus goen, eppes dat extrem gutt funktionéiert a souguer deels bei Schéiss-Sequenze Sënn mécht.

Fazit

Vill gouf driwwer diskutéiert, spekuléiert a virun allem mat Spannung erwaart. Rockstar Games huet och dës Kéier ganz wéineg bis guer keng Informatiounen iwwert d'Spill erausginn. Bei der geréngster Informatioun déi geleaked gouf, sief se nach sou kléng, sinn d'Fans an Opreegung versat ginn.

Elo ass d'Spill 2 Wochen eraus an et muss ee wierklech Rockstar Games zerguttstert op d'Schëller klappen. D'Spill dat hei zerwéiert gouf, huet absolut d'Erwaardunge gesprengt, der Gaming-Welt gouf e richteg d'Briet presentéiert.

Red Dead Redemption 2 ass mat Sécherheet ee vun de beschte Spiller vun 2018, wann net souguer eent vun de beschte Spiller aus dem leschte Joerzéngt a wäert mam neien Online-Modus mat Sécherheet nach eemol u Popularitéit dobäi gewannen.

Ween eng Playstation 4 oder eng Xbox One huet an sech gesot huet, dass e just 1 Spill wëll fir drop kafen, deen dierft mat Red Dead Redemption 2 säin Titel fonnt hunn. Et kann een sech bal net méi vun engem Spill erwaarden.

Vu mir kritt Spill dohier eng sensationell a komplett verdéngten 9.8 vun 10.

Grafik: 10/10
Gameplay: 9.5/10
Story: 10/10

Wisou keng 10 vun 10? Eventuell hätt een sech nach déi eng oder aner komplett Neierung am Gameplay erwaart, dat wéi gesot vun engem Top-Spill wéi RDR2, obwuel dat haut des Daags bal onméiglech ass, ouni eng Franchise komplett op d'Kopp ze geheien. Och dass den Online-Mode nach net direkt erauskomm ass, wier do nach ze ernimmen, feelt engem awer wéi gesot net wierklech wärend deem een d'Story zockt. Meckeren um héchsten Niveau souzesoen.

Fir de Recht huet RDR2 einfach alles richteg gemaach an e quasi perfekt Spill erausbruecht. Mä si mer mol éierlech: eng 10/10 ass praktesch utopesch a soll just d'Grenz no uewen uweisen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.