Call of Duty-ReviewKee Story-Mode ma trotzdeem en exzellenten Online-Shooter

Virun allem d'Neierungen déi am Online-Mode ënnerholl goufen, si bei de Fans vun der COD-Serie gutt opgeholl ginn. PUBG huet elo eeschthaft Konkurrenz.

wWéinst de ville Releases déi am Oktober waren, war et mer bis viru Kuerzem net méiglech, mer konkret Gedanken iwwert de neie Call of Duty: Black Ops 4 ze maachen. Perséinlech war ech och e wéineg ofgeschreckt iwwert de Fakt, dass kee Story-Mode am Spill vun Treyarch an Activision dran ass, wat engem „just“ d'Méiglechkeet léisst, iwwert den Online-Mode ze schwätzen an deem ech perséinlech wéineg Erfarung hunn.

Ma dach huet d'Spill mech ugezunn, nëmme fir ze wëssen, wéi de neiste Black Ops-Titel ass, eng Serie, déi ech an der Vergaangenheet vill a gär gespillt hunn.

Wéi gesot, de neie Call of Duty huet komplett op de Story-Mode verzicht, eppes dat op der enger Säit natierlech als e gewote Schratt eriwwer kënnt, op der anerer Säit allerdéngs eng dann dach logesch Konsequenz ass. D'Call of Duty Serie huet sech an de leschte Joren zu engem vun de gréissten Online-Shooteren entwéckelt, eng Story huet doranner elo keng Plaz méi, wahrscheinlech ass d'Fan-Community och net sou onglécklech driwwer, well sou d'Aarbecht an aner Aspekter vum Spill fléisst.

Op dat elo eng gutt oder schlecht Entwécklung ass, muss all Spiller fir sech selwer decidéieren. Op alle Fall ass d'Community riseg an et muss ee Call of Duty: Black Ops 4 zu gutt halen, dass hei konsequent eng Schinn gefuer gëtt an d'Core-Spiller definitiv dat kréien, wat se sech wënschen, nämlech e neie Call of Duty, dee mat gudden Online-Moden iwwerzeege kann, e Battle-Royale-Mode liwwert an och d'Fans vum Zombie-Mode glécklech maache kann. Verschidde Moden hunn mir enorm gutt souguer gefall an extrem Spaass gemaach.

Vill Neierungen am Multiplayer-Mode komme bei der Community gutt un, et ginn vill Maps an déi eenzel Personnagen déi ee wiele kann, hunn mat enger Zort Tutorial och eng eege Story, eppes dat ech perséinlech als eng gutt Balance fonnt hunn, eben op Hibléck op d'Feele vun enger Story. Grafesch gesinn ass d'Spill gutt an et leeft flësseg an dynamesch, wéi et soll sinn a wéi een et och gewinnt ass.

De Battle-Royale Mode ass gutt, a mécht virun allem PUBG elo Konkurrenz, dat ass sécher. Et gesäit einfach wéi eng oppoléiert COD-Versioun vum Spill aus an dat kéint nawell vill Spiller vu PUBG op COD eriwwerzéien. Soulaang den Trend vu Battle-Royale nach unhält, profitéiert Black Ops 4 op alle Fall vun dësem neie Mode.

Wat déi eenzel Variante fir Online ze zocken ugeet, maachen se praktesch alleguerte Spaass, op déi klassesch Team-Deathmatch Varianten, den Hostage-Mode oder d'Variant, bei där ee mat enger Pistoul ufänkt an sech Match no Match eropschafft... All Mode ass stëmmeg, dynamesch, actiongelueden a mécht Spaass, virun allem wann ee bis e puer Partie gespillt huet an eraushuet, op wat et ukënnt.

FAZIT

Alles an allem en extrem gudden neie Call of Duty, dee virun allem d'Fans vun Online-Shooteren net dierfe verpassen. Ech ginn dem Spill eng 8/10, woubäi virun allem d'Ewechloosse vum Story-Mode d'Spill bei mir Punkte kascht. Fir de Recht gehéiert Black Ops 4 definitiv zu de besseren COD-Titelen, déi bis ewell erauskomm sinn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.