E Kommentar vum Fabio De AguiarE-Sports am Koalitiounsaccord

Den Head Manager vun 11F Gaming huet sech emol déi Plazen am Koalitiounsvertrag ugekuckt, déi sech ëm den E-Sports dréien.

Natierlech war ech e Méindeg de Mëtten iwwert dës Noriicht zimlech erfreet. Et ass wei gesot déi éischte Kéier, dass den E-Sport an engem Koalitiounsaccord zu Lëtzebuerg drasteet, wat da gläichzäiteg bedeit, dass op mannst emol déi 3 Regierungsparteien aus dem Land sech mam Thema ausernanersetze wäerten.

An de leschte Woche sinn och schonn déi éischte Politiker u mech erugetrueden, fir en Informatiounsaustausch ze hunn a fir sech natierlech e Bild vun der momentaner Situatioun hei am Land ze maachen. Et schéngt also, dass déi haart Arabescht, déi am Gaming-Developpement hei am Land déi leschte 5 Jore geleescht ginn ass, lues awer sécher am Gaang ass seng Friichten ze droen.

Menger Meenung no, misst den E-Sport mol vum Sportsministère a vum COSL unerkannt ginn, fir da kenne staatlech Subside virzegesinn. Dat a Form vu Plazen, wou déi beschte Spiller aus dem Land kennen zesummen trainéieren, wou Material an Infrastrukture vum neiste Stand kann zur Dispositioun gestallt ginn, wou ee Coaching a verschiddene Beräicher stattfënnt wéi beispillsweis Skills, Taktik, Ernierung, Mentalitéit, Fitness, Reaktiounen, an esou weider.

Och den Educatiounsministère ass hei gefrot ze reagéieren. A Schweden zum Beispill ass den E-Sport feste Bestanddeel vu verschiddene Coursen an der Schoul. An Asien gehéiert dat souwisou schonn zum Standard Programm, hei ginn et eenzel Schoulen, déi dat scho länger proposéieren. Wei ech matkritt hunn, hu mir och zu Lëtzebuerg schonns ee BTS wou ee Gaming studéiere kann, ënnert anerem well dee Beräich esouvill Aarbechtsplazen an Zukunft wäert generéieren.

Ech si perséinlech och schonns méi enk a Kontakt mam MEN, fir hinnen an deem Beräich als Expert zur Säit ze stoen. Also do mierkt ee ganz kloer, dass Eppes an der Entwécklung ass, wat mech immens freet.

De Wirtschaftsministère interesséiert sech bestëmmt och fir dëse Beräich, deen op verschidde groussen Eventer ee Revenu vu Millioune generéiert. Och eng LGX, also d'Luxembourg Gaming Xperience, misst méi Ënnerstëtzung vum Staat kréien, well esou Events Lëtzebuerg representéiert. Op der leschter Editioun waren eng 4.000 Visiteuren, ganz vill och aus dem Ausland. Dat ass en Event, dee Lëtzebuerg no bausse representéiert, well do och E-Sport-Spiller aus dem Ausland vertruede sinn.

Am Endeffekt sinn dat alles ganz positiv Zeechen, mä dat wat am Accord vun der Regierung steet, muss och an d'Realitéit ëmgesat ginn, dass mer den Uschloss net mam Ausland verléieren. Eleng eis Nopeschlänner Frankräich an Däitschland si scho vill méi wäit wei mir an deem Beräich.

Lëtzebuerg huet vun de Grondviraussetzungen alles wat néideg ass, fir am E-Sport kompetitiv mat kennen ze halen. Mir sinn an der Digitalisatioun immens wäit, hunn eng staark Internet-Connectioun, High-End PC’en, en Pouvoir d’achat dee bei anere Länner net sou héich ass an an der Reegel kee schéint Wieder, esou dass ee genuch Zäit virum PC oder virun der Konsol kënne verbréngen (Witz bei Säit).

Och hunn mer elo schonn ouni staatlech Ënnerstëtzung E-Sportler déi mat de Beschte vun der Welt kënne mathalen a souguer scho géint se gewonnen hunn. Heizou kann ech de Ciscinho, Spiller vun Déifferdeng nennen, wei och den Diogo Santos Spiller vun Nidderkuer, déi allen Zwee scho géint Weltmeeschteren am FIFA 19 gewonnen hunn.

Ech si gespaant, wei an den nächste Méint d’Entwécklung vum E-Sport weider geet a sinn natierlech disponibel wa Leit mech wëlle kontaktéieren, fir an deem Beräich weiderzekommen.

De Aguiar Fabio – Head Manager 11F Gaming Lëtzebuerg

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.