Neie Far Cry Teaser:Annoncéiert Ubisoft op de Game Awards de 6. Deel?

Ubisoft suergt mat engem neien Teaser fir Opreegung: Far Cry an enger post-apokalyptescher Welt?

Wéi et ausgesäit, ass Ubisoft am Gaangen un engem neie Far Cry ze schaffen an huet en Teaser gepublished, deen Evenementer nom 5. Deel weise kéint.

Am Teaser erkennt een eng nuklear Explosioun, dat an enger Welt, déi där vu Far Cry 5 (Hope County) extrem gläicht.

De neien Trailer vun Ubisoft

Wat kloer ass, ass dass d'Spill fir PC, PS4 an Xbox One erauskënnt. Confirméiert huet Ubisoft och, dass et sech heibäi net ëm eng DLC, mä ëm en eegent Spill handelt. Op et elo e Spin-Off, eng Sequel oder eppes ganz Anescht ass, ass net gewosst.

Eventuell kéint sech hannendru jo och e Far Cry: Battle Royal verbiergen.

Méi Infoe wäerten et op de Game Awards ginn, dat Live vun en Donneschdeg op e Freideg.

Den David Winter aus der RTL-Gaming Redaktioun, wäert dësen Event op Twitch, mam fette Petz um Netz couvréieren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.