NintendoDëst Joer kéint eng Switch Mini erauskommen

Dat geet aus interne Quellen ervir, Nintendo selwer huet dat bis ewell awer nach net konnte confirméieren.

Wéi déi japanesch Finanzzeitung Nikkei matdeelt, hätte Fournisseur vu Nintendo verroden, dass Nintendo sech iwwert e neie Modell vun der Switch soll informéiert hunn.

Et soll sech dobäi ëm eng Nintendo Switch Mini handelen, déi méi bëlleg soll sinn, wéi déi normal Switch. Verschidde Funktioune sollen dann och feelen, allerdéngs ass net gewosst wéi eng.

Anscheinend steet och schonn en ongeféieren Datum am Raum, nämlech Mëtt des Joers. Nintendo selwer huet dat awer net confirméiert bis ewell.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.