Am Alter vun 52 JoerSoundgarden-Sänger Chris Cornell huet sech d'Liewe geholl

Wéi d'Autoritéiten en Donneschdegowend matgedeelt hunn, huet sech den US-Sänger e Mëttwoch no engem Concert zu Detroit d'Liewe geholl.

Den US-Museker Chris Cornell gouf dout a sengem Hotel-Zëmmer opfonnt a soll sech erhaangen hunn. Hie gouf nëmmen 52 Joer al. D'Famill ass am Schock.

De Chris Cornell war ee vun de Grënner vun der Grunge-Bewegung an den 90er Joren. Seng Karriär huet mat der Band Soundgarden ugefaangen, méi spéit huet e mat 3 Membere vu Rage Against the Machine d'Band Audioslave gegrënnt.



Den 9. Juni 2009 war de Chris Cornell mat Soundgarden am Atelier. Natierlech huet do Black Hole Sun net dierfe feelen.



Am September 2006 ass de Solo-Titel You Know My Name erauskomm, d'Musek vum James-Bond-Film Casino Royale.



De Chris Cornell hannerléisst 3 Kanner: Lillian Jean (Juni 2000), Toni (September 2004), Christopher Nicholas (Dezember 2005)

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.