Musek fir NationalfeierdagPremier Bettel schwätzt sech fir Mënsch a Computer aus

CSV-Deputéiert Octavie Modert hat sech an enger Parlamentarescher Fro un de responsabele Minister geriicht: Wéi hien da géif denken? Mënsch oder Computer?

© RTL Télé Lëtzebuerg

Musek fir Nationalfeierdag / Reportage Pierre Jans



Firwat de Kulturminister Xavier Bettel e Musekstéck, dat vun engem Computer gemaach gouf, fir de Virprogramm vun der Zeremonie vun Nationalfeierdag ausgewielt huet. Dat wollt d'CSV-Deputéiert Octavie Modert nawell gäre wëssen. An huet eng parlamentaresch Fro un de Kulturministère geschriwwen. Si schléisst sech domat de Lëtzebuerger Federatioun fir Auteuren a Komponisten un, déi sech ewell iwwer dëse Choix beschwéiert haten.

Esou klengt et, wa Musek net vun engem Mënsch, mä vun engem Computerprogramm komponéiert ass. AIVA, also artificiel intelligence virtual artist, heescht de Start-Up deen d'Aufgab krut e Stéck fir d'Festivitéite ronderëm Nationalfeierdag ze entwéckelen. E Fait, deen net iwwerall akzeptéiert wëll ginn. Och d'CSV-Deputéiert Octavie Modert riicht sech deemno un de responsabele Minister Xavier Bettel: Wéi hien da géif denken? Mënsch oder Computer?

A senger Äntwert schreift de Kulturministère, dat eent géif dat anert net ausschléissen, also Mënsch a Computer. Et hätt ee mat der Decisioun eng Lëtzebuerger Entreprise ënnerstëtzt. An iwwerhaapt wär Lëtzebuerg en innovatiivt a kreatiivt Land.

Elo kéim nach dobäi, dass de Computer sech jo net eleng steiert. Mä hannert dem Pseudonym AIVA géife kreativ Käpp sëtzen. Richteg Museker also. Den Arnaud Decker ass ee vun hinnen.

De Ministère schreift nach, dass d'Lëtzebuerger Musekszeen beim Nationalfeierdag eng grouss Roll spille géif. Et géif ee probéieren eng gutt Mëschung vu verschiddene Musekgenrën ze fannen. D'Stéck vun AIVA gëtt iwwerdeems vun de Museker vun der Philharmonie uropgefouert.

Mëtt Mee hat sech déi Lëtzebuerger Federatioun vun den Auteuren a Komponisten iwwert de Musek-Choix fir Nationalfeierdag opgereegt. Hei nach emol d'Artikele fir nozeliesen:

VIDEO: Musekchoix fir Nationalfeierdag: Kulturministère berouegt rose Komponisten a Schreiwes

Musek fir Nationalfeierdag: Rektifikatioun gefuerdert: E Programm ass kee Sacem-Member


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.