Problemer mat de StëmmbännerConcert vum Shakira an der Rockhal op en Neits verréckelt

Wéini dann elo? Enn Juni koum d'Nouvelle, dass d'Shakira den 11. November an d'Rockhal kënnt. De Concert war awer op de 4. Dezember verréckelt ginn.

Elo um Dënschdeg koum d'Nouvelle, dass d'Shakira wéinst Problemer mat de Stëmmbänner hir Europa-Tournée muss komplett ofsoen, an datt d'Concerten eréischt 2018 kënne gespillt ginn.

Geschwë soll en neien Datum fir de Concert zu Lëtzebuerg bekannt ginn, dofir sollen d'Leit emol hir Ticketen nach halen.

“We regret to inform that, as per doctor’s orders, Shakira's El Dorado World Tour dates for Europe are now being postponed to 2018. Due to a vocal cord hemorrhage, Shakira has been advised to delay any performance for the time being in order to allow her to properly heal before commencing her world tour and avoid any further damage. While greatly disappointed by these results as she had hoped to be able to begin by this week, Shakira is working towards recovering and is looking forward to returning to the stage with her best show yet. Shakira remains incredibly grateful for all the loyalty, patience and support her fans have shown her during this difficult time. Please hold on to your tickets as we will be announcing new dates for all shows that have been postponed thus far.”

D'Shakira huet ënnert anerem 12 Grammye gewonnen an iwwer 60 Milliounen Albume verkaf.

Et ass den éischten Optrëtt vun der kolumbianescher Sängerin hei am Land an eng gutt Geleeënheet, den aktuellen Album "El Dorado" virgestallt ze kréien, deen a 37 Länner op d'Plaz 1 vun den iTunes-Charts war. Bis elo gouf den Album 5 Mol mat Platinn ausgezeechent. D'Singel "Chantaje" ass de fënneft séierste Video, deen iwwer 1 Milliard Klicken am Internet kritt huet.





Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.