DespacitoE groussen Hit an nach vill méi Parodien

De Rhytmus, d'Melodien a Brochdeeler vum Text kritt een net méi aus dem Kapp. Ideal fir e Summerhit, a vill Parodien...

Et kënnt een aktuell net derlaanscht, fir den Hit vum Luis Fonsi an Daddy Yankee um Radio ze héieren. Ma et ginn och ganz vill ëminterpretatiounen, Cover oder Parodien op dëse Summerhit. Mir hunn iech der emol e Puer erausgesicht.

Original
Éier mer awer domadder ufänken, als éischt eng kéier d'Original Versioun vum Lusi Fonsi zesumme mam Daddy Yankee.

VIDEO: Luis Fonsi feat. Daddy Yankee: Despacito


Donieft gëtt et och fir den englesche Maart nach eng Versioun, wou ee sech den Justin Bieber mat an d'Boot geholl huet.

VIDEO: Luis Fonsi, Daddy Yankee feat. Justin Bieber: Despacito


Cover!?!
Esou e Summerhit verleet da ganz vill Kënschtler dozou, d'Lidd ze coveren oder e ganze Video ronderëm opzebauen.

Am bekanntesten ass wuel de Clip vun den dräi Italiener, déi d'Lidd vum net leide kënnen an awer de ganzen Zäite musse matsangen...

VIDEO: Italien 1


Manner bekannt ass awer den zweeten Deel vun den Italiener, wou se dann hiren Held a Sänger "Enrique Iglesias"... Pardon, Luis Fonsi, treffen.

VIDEO Italien 2


Aus Éisträich kënnt dann e Clip, wou een den Text zwar si gelooss huet, ma fir d'Musek méi klassesch europäesch Instrumenter a fir de Rhythmus en Trakter benotzt huet...

VIDEO: Die Draufgänger: Despacito Austrian Style


Eng "Reprise" gëtt dogéint vum Cween, dat Lidd op franséisch ëminterpretéiert huet.

VIDEO: Cween: Despacito Version Française


Parodien!
Nieft engem Cover ass eng Parodie eng aner Méiglechkeet, fir op den "Despacito"-Zuch opzesprangen. Fir als Mol nach am spuenesche Beräich ze bleiwen, gëtt et d'Versioun "Ese Gringo", déi sech un den Donald Trump a seng geplangte Mauer mat Mexiko riicht.

VIDEO: Ese Gringo


Dann eng Weider kënnt vum David Lopez, deen d'Lidd dem, opgepasst Klischee, Liiblingsiesse vun de Mexikaner gewidmet huet: "This Burrito".

VIDEO: David Lopez: This Burrito


Natierlech ginn et och englesch Varianten op Despacito. Ganz gelongen ass do déi vum Mikey Bustos "I wear Speedos" déi net nëmme gutt kléngt, ma och de Video gesäit zimlech professionell gemaach aus.

VIDEO: Mikey Bustos: I Wear Speedos


Manner professionell opgezunn awer dofir net manner witzeg ass d'Versioun vum Singing Dentist "Take A Seat-O".

VIDEO: Singing Dentist: Take A Seat-O


Ma och aus Däitschland ginn et verschidde Varianten. Eng dovunner kënnt vum TC, fréiere Y-Titty Member, dee seng Versioun "Fake Latino" nennt.

VIDEO: TC - Fake Latino


Vill Leit sinn awer net esou frou mat Lidd oder si hunn et schonn ze dacks héieren. Dofir dann nach e klenge Video supplementaire, dee wéist, wat den Chuck Norris vum Summerhit kéint halen...



Natierlech fënnt een am Internet, an de soziale Medien an och op Youtube nach vill aner Versioune vun dësem Lidd. Avis aux amateurs...

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.