Hëpperdang50. Anniversaire vun der Fanfare Concordia

E Sonndeg hu sech all Museksgesellschaften aus dem Kliärrefer Kanton zu Hëpperdang zesummefonnt, fir déi lokal Fanfare fir hire 50. Anniversaire ze éieren.

Mat vun der Partie waren, nieft der Fanfare Concordia vun Hëpperdang, d’Museke vun Hengescht, Léiler, Klierf, Munzen, Kiischpelt, Wäisswampech, Wëntger, Ëlwen, Housen a Bur op der Sauer. E grousse Cortège ass duerch d’Duerf gezunn bis an d’Festzelt, wou déi lokal Gesellschaft offiziell a Präsenz vu ville Gäscht geéiert gouf.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.