No 12 Joer PausKeith Richards annoncéiert neie Rolling-Stones-Album

No 12 Joer Paus dierfen d'Fans vun de Rolling Stones sech op en neien, selwer produzéierten Album vun der britescher Band freeën.

© AFP

Op enger Videoplattform op YouTube huet de Gittarist Keith Richards op eng Fro geäntwert a verroden, dass d'Band geschwënn en neien Album publizéiert, dee vu hinne selwer produzéiert gouf an net vun engem aner Label. Zwar hunn d'Stones an de leschten 10 Joer ëmmer fläisseg Concerte ginn, awer zanter 2005 gouf et keen neie Studioalbum.

Deementspriechend Rumeure gouf et awer schonn, nodeems e Musekproduzent eng Foto vum Mick Jagger verëffentlecht huet, déi de Sänger an engem Studio mam britesche Rapper Skepta weist. An hirer iwwer 50 Joer laanger Carrière hunn d'Rolling Stones scho mat ville Museker zesummegeschafft, allerdéngs nach ni mat engem HipHop-Kënschtler.

De Richards huet donieft och nach verroden, dass d'Band u villen neie Saache schafft. D'Fans sollen um Dill bleiwen, fir ze kucken, wou et als d'Nächst higeet. "D'Spille vun neie Stécker hätt der Band Energie ginn an dat an enger Zäit, wou vill Museker Iwwerliewensängscht hätten", sou de Richards. Um neien Album wieren och Blues-Klassiker ëremzefannen. Souguer op d'Bühn zitt et déi gestane Rocker nees. Am September an Oktober sinn d'Stones fir eng Stadion-Tour an Europa ënnerwee.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.