GewënnspillTickete fir de Concert vu Blackmore's Night si verspillt

Blackmore's Night gëtt et elo zanter 20 Joer an dofir gi si op "Anniversary Tour". An deem Kader si se de 5. August och fir e Concert zu Wolz.

De Ritchie Blackmore ass bekannt ginn als Gittarist vu Bands wéi Deep Purple oder Rainbow. Virun 20 Joer huet hie sech awer mat senger Fra Candice Night zesumme gedoen fir en neie Projet an d'Liewen ze ruffen. "Blackmore's Night" war gebuer.

Eng Symbiose aus mëttelalterleche Melodien, mysteschen Texter an engem moderne Musik-Arrangement. An den Asaz kommen ënner anerem och historesch Instrumenter wéi Schalmei, Duddelsak a Leierkëscht. Kombinéiert ginn déi mat sate Gittarekläng an der wonnerbarer Stëmm vum Candice Night.



Héieren a gesi kann ee Blackmore's Night e Samschdeg de 5. August um 20.30 Auer zu Wolz am Amphitheater.

Beim Gewënnspill op RTL.lu goufen 2 x 2 Tickete verspillt. Gewonnen hunn:

D'Andrée Weigel an den Ern Bernardy. Hinne vill Spaass um Concert gewënscht.


LINK: Weider Infoen op kultopolis.com