Scho 40 JoerDe 16. August 1977 ass den Elvis Presley gestuerwen

Den Elvis Aaron Presley, och nach King of Rock genannt, ass den 8. Januar 1935 zu Tupelo op d'Welt komm, an den 16. August 1977 zu Memphis gestuerwen.

Villäicht erënnert sech deen een oder anere vun iech nach drun, et war den 16. August 1977, wéi den Elvis Presley ouni Bewosstsinn am Buedzëmmer vu senger Villa zu Memphis opfonnt gouf. Méi spéit am Spidol gouf hien da fir dout erkläert.

100 Sekonnen: 40. Doudesdag vum Elvis





Den Dag drop, en Dag vun Trauer, hu seng Fans sech viru sengem Terrain, der “Graceland Mansion” versammelt, fir him eng lescht Éier ze erweisen. Et waren därmoossen vill Leit do, datt souguer d’Ambulanz huet missen intervenéieren. D’Leit hu gekrasch, Blumme Bouquete virun d'Dier geluecht an de beige Kostüm mam bloen Hiem an mat der gëllener Krawatt ugedoen.

Souguer den deemolege President vun den USA huet eng Ried fir den Elvis gehalen an där hie säi Respekt fir den Elvis ausdréckt, andeems en hien als "eenzegaarteg an onersetzlech" erkläert.


 
Säin Doud huet dat amerikanescht Vollek esou matgeholl, wéi dat beim Doud vum President John F. Kennedy 14 Joer virdrun de Fall war. An de Butteker ass Chaos ausgebrach, jiddwereen huet sech em seng lescht Placken zerstridden, soudatt säin Album sech bannent vun engem eenzegen Dag 250.000 Mol verkaf huet. 



D’Hotellen am Elvis senger Heemecht, also zu Memphis, ware komplett ausgebucht an der Nuecht vum 17. op den 18. August, an déi aner Leit hunn op der Strooss virun hirem Idol senger Dier iwwernuecht.
Fir d’Begriefnes waren och honnerte vun Journalisten op der Plaz.
 
De Cortège war riseg, Dausende vu Mënschen waren dobäi. Lass gaangen ass et beim Elvis Presley senger Villa bis op den Kierfecht “Forest Hills”. Hei gouf hien dunn am Familljegraf nieft senger Mamm begruewen. 

Den Elvis huet einfach zu den gréissten Staren vu senger Zäit gezielt an gouf als “King of Rock” bezeechent, an dat ass nach haut esou.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.