Festival «On Stéitsch»Déi 10. Editioun ass den 30. September an de Rotondes

Dem SNJ säin Festival feiert nächste Weekend säin 10. Gebuertsdag. Um Programm: gratis Musek, Danz a Workshoppen.

De Festival fänkt nächsten Samschden um 14 Auer un, am Kader vum Season Opening vun de Rotondes zu Bouneweg. Am Haff trieden Bands wéi Royal Circus, The Seekers, Imagination in use, MC Maz an Epicure, souwuel wéi Danzgruppen an DJs, op zwou Bühnen op. D’Visiteure kënnen och un Workshops déi vu Profien gehale ginn, Deel huelen. Si wäerte beatboxen, danzen, zauberen an Theater spille léieren.  

Mat dobäi sinn och, wéi all Joer, Jugend-Associatioune wéi Bee Secure, Pipapo, Axwai, Feierblumm, d’Agence du Bénévolat a Jugendhaiser.

Fir de Public sinn och Konschtausstellungen vum Raf Mila, Melissa Di Paolo a Luke Vallen, souwéi verschidde Virféierunge virgesinn. A Flashmob, deen all Moment kann lass goen, suergt fir déi néideg Virfreed. 

Moies gëtt dann och e Floumaart organiséiert.

Méi Informatiounen fannt dir op www.onsteitsch.lu.