Musekswelt an TrauerEe Mount no sengem Brudder, Malcolm Young vun AC/DC ass dout

De legendären australesche Gittarist a Matgrënner vun der Rockband AC/DC, Malcolm Young, ass am Alter vu 64 Joer gestuerwen.

Op der aktueller Tour war de Malcom Young net méi dobäi. Hei eng Foto vun der Tour, wou een de jonke Brudder Angus Young gesäit.© AFP Archivbild

De laangjärege Rhythmusgittarist war viru 3 Joer schwéier krank ginn an huet doropshin d'Band verlooss. Hie gouf vu sengem Neveu Stevie ersat.

Wéi et heescht, wier de Museker e Samschdeg friddlech am Krees vu senger Famill verscheet.

De Malcom Young (l.) zesumme mat sengem Brudder Angus© AFP


Knapp e Mount virdrun, den 23. Oktober, war et d'Nouvelle vum Dout vum eelste Brudder, dem George Young. Hie war 70 Joer al ginn.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.