Desert TripRock- a Popgigante bei eenzegaartegem Festival

Vum 7. bis den 9. Oktober kann een an der kalifornescher Wüst ënner anerem The Who, d'Rolling Stones, de Paul McCartney oder de Bob Dylan gesinn.

© AFP
Iwwer dräi Owenter kann een an der Wüst déi lieweg Legende vun der Rock- a Popmusek gesinn. Jéngste Kënschtler, an eenzegen ënner 70, ass de Ron Wood mat 68 Joer. Well ee sech deen Alter och ongeféier vum Publique erwaart, ginn et fir de Concert just Sëtzplazen. Déi kaschten tëscht 199 an 1.599 Dollar.

Well et an der Wüst am Dag och ze waarm ass, ginn d'Concerten awer eréischt no Sonnenënnergang un. De 7. Oktober spillen de Bob Dylan an d'Rolling Stones, den Dag dono den Neil Young an de Paul McCartney an um leschten Owend dann The Who an de Roger Waters. All Band spillt e ganze Concert, sou datt d'Leit och eppes fir hier d'Geld gebuede kréien.