Internationale Piano Concours zu Venedeg12 Joer jonke Lëtzebuerg mécht 3. Plaz a senger Kategorie

Vum 17. bis den 22. Mäerz war de 4. internationale Piano Concours zu Venedeg, wou och e jonke Lëtzebuerger Pianist dobäi war.

© Violeta Hedin-Lupascu
De Concours zu Venedeg ass fir 4 verschidden Altersgruppen, woubäi de Yannick-Paul Hedin an der Kategorie vun 12-14 Joer ugetrueden ass an hei déi 3 Plaz gemaach huet, ënner 24 Kanner. Hie war donieft de jéngsten Artist a senger Kategorie.

Hie gouf, wéi och all déi aner Kanner, op dee Concours invitéiert, well hien hei zu Lëtzebuerg schonn e bëssen op sech opmierksam gemaach. Et ware Pianisten aus ganz Europa um Concours zu Venedeg dobäi.

Zu Lëtzebuerg huet de jonke Pianist, deen am Conservatoire zu Ettelbréck an och scho Präisser gewonnen. Och ass de Yannick-Paul Hedin op Paräis invitéiert, fir do un engem anere Concours Deel ze huelen.