Ween huet dee LängstenDe Fliger vun Iron Maiden vs dee vu Merkel an Hollande

Um Fluchhafen zu Zürich ass d'Ed Force One gelant an de Fliger vun der Heavy Metal Band gesäit impressionant aus, am Verglach mat aneren "Privatfliger".

D'"Ed Force One" de Fliger vun Iron Maiden© AFP
Eng weider Kéier huet Iron Maiden decidéiert, fir hiren eegene Fliger mat op d'Welttournee ze huelen. Déi éischte Kéier war et en Boeing 757, déi awer ze kleng war. Dowéinst gouf entscheet, déi grouss Variant ze huelen, eng 747-400, déi eréischt virun e puer Joer vun engem Airbus A380 als gréisste Passagéierfliger vun der Welt ofgeléist gouf.

Mat esou engem Fliger kann d'Band zesumme mat dem ganzen Equipement an hirem ganzen Entourage duerch d'Welt touren. Geflu gëtt de Fliger vum Sänger Bruce Dickinson, deen zanter Enn den 90er Joren och als professionelle Pilot schafft an nach extra Fluchstonnen an en Exame gemaach huet, fir dëst Monster och dierfen ze fléien.

Fir hire Concert an der Schwäiz ass Iron Maiden zu Zürich um Fluchhafe gelant an do ass och vum Journalist vun Daily Rock Andy Gaggioli dës Foto entstanen. Et gesäit een d'Ed Force One vun Iron Maiden am Verglach mam Fliger vun der däitscher Bundeskanzlerin Angela Merkel an dem franséische President François Hollande. Zu hirer Verteidegung: esou vill Material an Entourage wéi Iron Maiden hu béid ni dobäi.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.