Rock-A-FieldOch zu Lëtzebuerg kann d'Gemeng de Festival ofsoen

D'Wieder hat dem Rock am Ring e Stréch duerch d'Rechnung gemaach, well et op der Plaz einfach ze geféierlech war an 71 Leit blesséiert goufen.

© AFP

De Weekend iwwer hate se um Rock Am Ring hir léif Méi, fir de Festival sécher iwwer d'Bühn ze kréien. Freides hat de Blëtz ageschloen, zwou Persounen hu misste reaniméiert ginn.

Enttäuscht, traureg, zum Deel och rosen! Dat sinn déi éischt Reaktioune vum Rock am Ring vun dësem Joer! Net well de Festival net gutt war. D'Wieder huet net matgespillt an huet e Freide souguer eng ganz geféierlech Situatioun kreéiert.

Net all déi gebuchte Gruppe sinn opgetrueden an e Sonndeg ass d'Musek ganz ausbliwwen.

Awer fänke mer vu Vir un.

E Freiden am spéiden Nomëtten ass gemellt ginn, datt de Blëtz am Festival ageschloen hat. Den Dag drop du Gewëssheet, 71 Leit goufen duerch de Blëtz blesséiert, zwou Persounen hu misse reaniméiert ginn. E Samschdeg war de Rock am Ring fir 7 Stonnen ënnerbrach an e Sonnden huet d'Gemeng Mendig decidéiert, dem Organisateur keng Gréng Luucht fir de leschten Dag Festival ze ginn. Natierlech waren och vill Lëtzebuerger um Rock am Ring, ënnert hinnen d'Sabine Dabé, dat bei de Kollege vun Tëlee Lëtzebuerg schafft. Hat huet d'Donnerwieder vum Freiden esou beschriwwen

Extrait Sabine Dabé



Apropos organiséiert. An engem gudde Mount invitéiert Den Atelier op dee gréissten Open-Air-Festival hei am Land. Och de Rock-A-Field bleift vu sou extreme Wiedersituatiounen net verschount. Dir erënnert iech bestëmmt nach un deen alleréischten, wéi d'Knëppelsteng gefall sinn oder dee vum leschte Joer, wou et 3 Deeg laang richteg waarm war.

De Laurent Loschetter, Organisateur vum Rock-a-Field, schafft während dem Festival, wann d'Wieder et verlaangt, mat 3 Instanzen zesummen.

Extrait Laurent Loschetter 1



Beim Beispill Rock am Ring war et d'Gemeng an där de Festival ass, déi decidéiert huet e Sonndeg keng Gruppe méi op d'Bühn ze loossen. Hei zu Lëtzebuerg ass dat net anescht!

Extrait Laurent Loschetter 2



Den Atelier ass dann och gutt op Onwieder preparéiert, et gëtt e Plan Intempérie, mä en Donnerwieder kann een net mat aplangen!

Extrait Laurent Loschetter 3



Natierlech hofft keen, datt de Weekend vum 9. an 10. Juli Deichkind, Pixies, Steve Aoki a Co hir Concerte wéinst dem Wieder net spille kënnen.

An trotzdem mierkt een awer och beim Laurent Loschetter, datt dat aktuellt Wieder op d'Stëmmung dréckt.

Extrait Laurent Loschetter 4



Loosse mir lo net den Däiwel un d'Wand molen an halen zeréck datt de Rock a Field preparéiert ass, wann et da géing knuppen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.