Red Hot Chili Peppers an der RockhalAn et klëmmt weider ... Ticketen ugebuede fir 878 Euro

Vill Leit krute fir de Concert keng Ticketen, anerer wëllen elo uerdentlech vun där Situatioun profitéieren.

Rekord bei Ticketverkaf fir Red Hot Chili Peppers (06.07.2016)
19 Minutten du waren d'Ticketen fort! E neie Rekord.
Ganzer 19 Minutten huet et gedauert, bis d'Tickete vun de Red Hot Chili Peppers an der Rockhal ausverkaf waren. E Rekord fir Lëtzebuerg. D'Kollege vum Eldoradio hunn dann och ausgerechent, datt een domadder 5,2 Ticketen an der Sekonn an 318 an der Minutt verkaf huet. Weider heescht et bei hinnen, datt vill Leit, grad vum franséische Site vun der Rockhal, Problemer haten, fir sech iwwerhaapt aloggen ze kënnen.



Sou flott et ass, datt e Concert esou séier ausverkaf ass, et huet och e battere Nogeschmaach. Vill Fans hu keng Tickete kritt a verschidde Leit profitéieren elo vun dëser Situatioun. Schonn e puer Minutten nodeem d'Nouvelle koum, datt ausverkaf wier, huet een Tickete schonn op Tauschboursen oder anere Sitte fonnt, dëst fir Präisser tëscht 215 an iwwer 878 Euro fir 1 Ticket, an der offizieller Vente waren et nach "just" 94 Euro, mat alle Supplementskäschten.

5 Minutes: Plus de billets pour Red Hot Chili Peppers!

© Vio Caldarelli / RTL


Kuckt de Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg en Donneschdeg den Owend am Magazin.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.