NewsDe Lineup vun An Apple A Day ass nees komplett

De Lineup vun An Apple A Day ass nees komplett! Op Facebook huet d'Band um Donneschdeg eng Foto gepost, op där déi 2 nei Memberen ze gesi sinn.

© Facebook

D'Lëtzebuerger Deathcore / Modern Death Metal Band An Apple A Day sinn nees komplett. Puer Méint no der offizieller Ukënnegung, dass en neie Gittarist an en neie Sänger gesicht ginn, huet d'Band um Donneschdeg déi zwee nei Membere virgestallt.

Neie Sänger ass deemno de Ken Pletschet vu Miles To Perdition, neie Gittarist ass den Alex (Ale), deen och eng Zäitche bei Arkaeon gespillt huet.

Wéi d'Band weider erkläert huet, wier si den Ament fläisseg amgaangen nei Lidder ze schreiwen a géif och ganz geschwënn nees live spillen.