NewsMiles To Perdition brauchen en neien Drummer

Et deet sech eppes bei Miles To Perdition. Leider net wierklech eppes positives. Den Drummer Pascal Benci wäert d'Band verloossen.

Schlecht News kommen nees aus der Lëtzebuerger Musek Zeen. Alt nees verléiert eng Band e Bandmember. Dës Kéier trëfft et Miles to Perdition. D'Band trennt sech nämlech vun hirem Drummer Pascal "The Heck" Benci. Oder de Pascal trennt sech vun der Band. Egal wéi een et dréint, déi zwou Säite ginn am Gudden auserneen.

Wéi d'Band erklärt hätten d'Band an hien einfach ze vill ënnerschiddlech Virstellunge vu verschiddene Saachen, esou dass et kee Sënn méi géif maachen zesumme Musek ze maachen an et am Endeffekt déi bescht Entscheedung wier, getrennte Weeër ze goen.

Dat alles geschitt awer réischt 2016. Dëst Joer wäert de Pascal nach all Concerte vun der Band matspillen, notamment den 12. November um Sonic Visions Festival an der Rockhal, den Damage Gigs zu Hautrage den 20. November an den 19. Dezember den Tremplin fir den Durbuy Rock am Entrepôt zu Arel.

De Pascal war zënter 2010 bei Miles To Perdition dobäi an huet d'EP Vengeance an den Album Blasphemous Rhapsody matgeschriwwen.

Elo sicht d'Band natierlech no engem Neien op de Jummdeckelen! Deejéinege sollt natierlech e Fan vun där Zort vu Musek sinn, d'Lidder vun der Band kennen a kënnen; Blast Beats a Geschwëndegkeet sinn natierlech Pflichtprogramm. D'Band prouft ee bis zwee mol d'Woch an der Kufa. Dat néidegt Material muss deen oder dat Neien / Neit selwer matbréngen, motivéiert sinn, esouwuel Zäit an d'Band ze investéieren an dës zu enger grousser Prioritéit am Liewen ze maachen, et sollt een och gären an d'Ausland fuere fir Concerten ze spillen. Rose sinn ass e grousse Plus!

Wien dat alles matbréngt, soll sech bei der Band via Facebook mellen!