VideoLive! Planet People mam Lisa Berg

D'Cellistin krut am Juni d'Diagnose Leukämie. Iert si fir d'Stammzellen-Transplantatioun erëm an d'Spidol muss, presentéiert si hiren Album "White".

Live! Planet People (09.11.2015)
D'Cellistin Lisa Berg krut am Juni d'Diagnose Leukämie. Iert si fir d'Stammzellen-Transplantatioun erëm an d'Spidol muss, presentéiert si hiren Album "White".
D'Lisa Berg gehéiert zu de bekanntsten Celliste vun der Lëtzebuerger Musekszeen. D'Léift zum Cello ass viru méi wéi 20 Joer entstan an d'Musekerin huet antëscht bei méi wéi 30 CDen, Soundtracken an aneren Opname mat diverse Kënschtler matgeschafft a stoung scho mat villen op der Bühn. Eng vill beschäftegt Artistin, Mamm vun engem Meedchen vu 5 Joer, déi och als Proff an der Réidener Musekschoul schafft. Och am fréie Summer ware Concerten a Projeten geplangt. Bis den 19. Juni.
Deen Dag krut d'Lisa Berg no enger normaler Bluttanalyse d'Diagnose akut Leukämie. Mat 36 Joer. Zu engem Ament wou d'Musekerin eng ganz Rei Optrëtter geplangt hat an op hiren Debutalbum higeschafft huet. Elo kënnt "White" endlech eraus an d'Lisa krut viru Kuerzem déi ganz gutt d'Noriicht, datt bei all deene Leit, déi Stammzellen op der ganzer Welt spenden, eng Persoun fonnt gouf, déi fir d'Musekerin spende kann. Mat dësem Don ka Si d'Leukämie bekämpfen an huet ganz gutt Chancen, fir nees gesond ze ginn.

LINK: Facebook-Säit vum Lisa Berg.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.