InformatiounsversammlungenGemenge kréie Projete fir Waasserschutzzone presentéiert
Et dierften nach esou munch Diskussiounen an d'Haus stoen, éier déi nei Waasserschutzzone ronderëm de Stau nei ausgewise ginn.

Am leschten Ministerrot gouf en Avant-Projet fir dës Zonen guttgeheescht, deen elo an de betraffene Gemenge ronderëm de Stau ausgehaangen gëtt. Domat ginn déi fréier Zonen ersat an nei ausgewisen - iwwerall do also, wou restriktiv Dünger agesat dierf ginn a wou speziell Reegele gëlle fir d'Grondwaasser ze protegéieren.

De Grond läit op der Hand, mam direkten Noper Stauséi, deen den Haapt-Drénkwaasser-Stock aus dem Land duerstellt.
D'ëffentlech Consultatioun leeft un, soubal d'Summervakanz mam 15. September op en Enn geet, an dauert dann 30 Deeg.
Eng ëffentlech Informatiounsversammlung fir d'Leit aus den 6 concernéierte Gemengen ass den nächste Mëttwoch, sou deelt et d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Martine Hansen mat.
Um Donneschdeg den Owend ginn d'Responsabel aus der Rammerecher Gemeng informéiert, e Freideg ass et den Tour un Esch/Sauer - esou Reunioune mat de Gemenge Wahl, Bauschelt, Wanseler an der Stauséigemeng goufen et ewell des Woch.
Absënns Baueren, mä och Privatleit an natierlech d'Gemengeresponsabel dierft natierlech interesséieren, wou genee d'Waasserschutzzonen ausgewise ginn, a wat genee op deenen Terraine wäert verbuede sinn.
PDF: Äentwert op Parlamentaresch Fro vum Martine Hansen

Är Commentairen - Netikett
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.