Rifkin-ProzessLaurent Mosar: Efforte ginn der CSV bei wäitem net duer
Et si sécherlech eng Rei Efforte gemaach ginn, wat de Rifkin-Prozess ugeet, dat geet der CSV awer bei wäitem net duer.
Vun RTL

Dat sot den CSV-Deputéierte Laurent Mosar en Donneschdeg de Moien nodeems de Wirtschaftsminister Etienne Schneider de Bilan virun am ganze 5 Chamberskommissioune gezunn huet, vun deem wat bis elo a Punkto Rifkin-Etüd ëmgesat gouf. Et missten zum Beispill nach Efforte gemaach ginn, wat de séieren Internet ugeet, betount de Laurent Mosar. Fir d'CSV wier awer kloer, datt et hei ëm d'Digitaliséierung vum Land géing goen, dat misst och fir déi nächst Regierung eng Prioritéit bleiwen.
De Laurent Mosar |
Et wier eng wichteg Perspektiv entwéckelt ginn, wéi eis Ekonomie an Zukunft soll ausgesinn, huet den DP-Deputéierten André Bauler gesot. Et misst een eng Ekonomie hunn déi Ressource schounend ass, awer och eng Ekonomie déi kreativ ass. Dat Wuert vun der Kreativwirtschaft wier en Donneschdeg de Moien net gefall, wier allerdéngs ganz wichteg.
Den André Bauler |
D'Kritik, datt et net wäit genuch géing goen, léist de Wirtschaftsminister Etienne Schneider net gëllen.
Vun der CSV hätt ee weder eng Iddi krut, nach iergendeen Input, awer dann ze soen, dass dat hinnen net duergeet, ass sech d'Liewen einfach gemaach.
Den Etienne Schneider |
Et wier e Prozes, deen net iergendwann ophält, wou een awer elo schonn éischt Resultater géing gesinn an där och an Zukunft nach vill wäerte kommen, sou nach den Etienne Schneider.
