ZeienopruffKruuchten-Rouscht: 29 Joer alen däitsche Motocyclist gestuerwen

Um CR115 tëscht Kruuchten an dem Rouscht ass et um 12.35 Auer zu engem Motorradsaccident komm. De Rettungshelikopter war op der Plaz.

Ee Motocyclist, dee vu Kruuchten koum, huet an enger Rietskéier d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer a krut d'Leitplanken ze paken. Hien huet den Accident net iwwerlieft.

D'Police vu Miersch sicht no Zeien. All Info ass fir den 113.



Den Asazzenter vu Lëntgen, d'Ambulanz an de Samu vun Ettelbréck an d'Police sinn op der Plaz. Géint 13.15 Auer hunn de Rettungshelikopter an och d'Ambulanz d'Plaz verlooss.

Accident Kruuchten-Rouscht (28.06.2018)
Onkommentéiert Videobiller.