Gesetz unanime ugehollDelai vum PAG fir Gemengen op den 1. November verlängert

En Donneschdeg de Mëtteg gouf an der Chamber unanime eng Verännerung am Gesetz vum "Amenagement communale" ugeholl.

© RTL Archiv

Et geet drëm, bis wéini d’Gemengen hire PAG nei iwwerschafft an de Prozedure konform gesat mussen hunn. Bis ewell war den Datum op den 8. August vun dësem Joer fixéiert – dat kann awer net vun allen Gemenge gehale ginn.

Nëmmen 43 vun den 102 Gemengen hunn aktuell e sougenannte PAG "nouvelle génération" oder sinn an der Prozedur. All déi aner wäerten den Datum also net respektéieren. Den Datum gëtt an tëscht scho fir déi 4. Kéier geännert an ass elo op den 1. November 2019 fixéiert.

En Donneschdeg de Mëtteg war et awer direkt vun e puer Deputéierten d’Remark datt et bestëmmt net déi leschte Kéier ass datt een den Delai verlängert.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.