Zu Schëffleng an der Cité Op Hudelen gouf en Donneschden de Moie vun Aarbechter e Genre Tellerminn fonnt. Et gouf e Sécherheetsperimeter ageriicht an de Service Déminage war op der Plaz.
No kuerzer Zäit huet sech allerdéngs erausgestallt, datt et sech net ëm eng Bomm, mä ëm Aarbechtsmaterial vun den CFL, méi präzis e Schläifsteen, handelt, sot d'Police. Fonnt gouf d'Stéck bei engem Wee, deen zu engem Vëloswee ëmgebaut soll ginn.
Wéinst der Proximitéit zu de Gleiser gouf den Zuchverkéier op der Linn 60 ënnerbrach. D'Zich fueren awer elo nees.