Nach ëmmer keng GewëssheetCFL: Sécherheetssystem ausgeschalt oder net funktionéiert?

En Donneschdeg de Moien hunn déi Responsabel op der Pressekonferenz nom Zuchaccident bei den CFL nach ëmmer just vun engem provisoresche Bilan geschwat.

Wat mécht de MEMOR2+? (15.02.2017)
Nom schroen Zuchaccident vu gëschter Moie stellt sech d'Fro firwat de System MEMOR2+ d'Kollisioun net verhënnert huet.


Vill Froen ronderëm d'Sécherheet. (16.02.2017)
Gouf de Sécherheetssystem 'Memor II +' ausgeschalt oder huet en net funktionéiert? Vill Froen konzentréieren sech ronderëm dëse Punkt.


D'Recherche ginn nach weider, ob net awer nach ee Passagéier am Zuch war.

D'Haaptursaach vum Accident ass nach ëmmer, datt den Zuch duerch eng Rout Luucht gefuer ass. Nach ëmmer stellt sech d'Fro, firwat den Accident geschitt ass. Dat kéint een och 2 Deeg duerno nach net soen, fir de Rescht leeft d'Enquête.



Eng Blackbox, déi aus dem hënneschten Deel vum Persounenzuch, konnt bis ewell fonnt ginn. Déi viischt Blackbox konnt nach net gebuerge ginn.

Den Ament vum Accident war theoretesch de Sécherheetssystem Memor II + aktiv. Ob dee richteg funktionéiert huet, kann een elo net soen. Den Zuch hätt misse beim Virsignal ofgebremst ginn a beim Signal, wou den Zuch duerch Rout gefuer ass, eng Noutbremsung maachen. Tëscht deenen 2 Signaler leien 1.200 Meter, d'Ongléck ass 350 Meter nom Signal geschitt. Wat ass also passéiert? Äntwerten op d'Froen, gouf et eng Noutbremsung, wéi war d'Vitesse vum Zuch, wéi huet de Bremswee ausgesinn a wéi eng Manipulatioune goufe vum Lokführer gemaach, kënne just d'Blackboxe ginn, sot en Donneschdeg de Moien de Generaldirekter Marc Wengler.

Extrait Marc Wengler (1)


Méiglech wier, datt de Sécherheetssystem net funktionéiert hätt. Oder datt de Lokführer de Sécherheetssystem Memor II + op der Stater Gare net ageschalt oder ausgeschalt huet, huet et op der Pressekonferenz geheescht. Ausschalte kann de Maschinist de System, soten déi Responsabel. Dat wär néideg, well een dat an der Grenzregioun misst maachen. Alles dat sinn awer Spekulatiounen.

D'Signal, also d'Rout Luucht, hätt richteg funktionéiert.

D'Journaliste wollte wëssen, ob et nach aner Méiglechkeete ginn, wat schif gelaf ass, wéi datt de Sécherheetssystem net funktionéiert huet oder de Lokführer de System ausgemaach huet. Et wär net einfach fir alle déi méiglech Zeenarien opzezielen, well no Accidenter wier et dacks eng Kombinatioun vu Saachen, déi villäicht net esou geklappt hunn, wéi virgesinn, sou de Marc Wengler.  

Extrait Marc Wengler (2)

Waren et also Kombinatiounen? Oder en technesche Feeler? Oder e mënschlechen? Gewëssheet gëtt et mat der viischter Blackbox, déi awer nach muss gebuerge ginn. De Lokführer huet zanter 2001 bei den CFL geschafft a sech näischt zu Schold komme gelooss, huet et op Nofro hi geheescht.

2016 gouf et 3 Depassementer vu roude Luuchten. Do huet all Kéiers de Memor II + funktionéiert.

D'Opraumaarbechten hanner Beetebuerg kënnen eventuell um Donneschdeg ofgeschloss ginn. Wéi et den Ament ausgesäit wäert den Zuchtrafic net virun e Sonndeg den Owend op der Streck funktionéieren, well nach Deeler vun de beschiedegte Schinne mussen ersat ginn. Soulaang funktionéiert den Ersatzservice mat de Bussen.