Deputéiert Françoise Hetto mat dobäiCSV Jonglënster huet hir Lëscht fir d'Gemengewahle stoen

Mat derbäi ass déi fréier Ministesch an aktuell Deputéiert Françoise Hetto.

© CSV Jonglënster

Si war scho Buergermeeschtesch zu Jonglënster, ass dës Kéier awer – wéi et schéngt – net Spëtzekandidatin, mä wëll dem Buergermeeschter Romain Reitz zur Säit stoen.

Déi fréier Buergermeeschtesch Francine Colling, déi den Ament nach am Gemengerot ass, geet net méi mat an d'Gemengewahlen.