WäistroossAuto iwwerschloen tëscht Réimech a Stadbriedemes

Géint 15.45 Auer huet sech um Freideg op der Route du Vin tëscht Réimech a Stadbriedemes een Automobilist iwwerschloen.

De Mann gouf derbäi uerg verwonnt, de Rettungshelikopter huet hien an d'Spidol bruecht.