JonglënsterAarbechtsmaschinn ëmgefall um Schantjen "Jongmëtt"

Um Schantjen am Zentrum vu Jonglënster ass e Freideg am spéiden Nomëtteg eng Aarbechtsmaschinn, déi do un de Fëllementer geschafft huet, ëmgefall.

© RTL
Si ass op der Säit leie bliwwen. Iwwer dem Falen huet se och nach e Bagger gesträift. Zu deem Incident koum et direkt nieft der vill befuerener Rue de la Gare.

D'"Jongmëtt" ass deen neien Duerfkär, deen zu Lënster entsteet.



Beim Incident blouf et zum Gléck bei Materialschued, keen Aarbechter gouf blesséiert.

© RTL


Um Freideg den Owend gouf d'Maschinn nees an d'Riicht bruecht.