Leit sollen eegen Entreprisë grënnenFit4Entrepreneurship 2015-16: Sprong an d'Selbstännegkeet

Ronn 125 Leit, déi bei der Adem ageschriwwe waren, hunn um Programm deel geholl an et goufen 37 Entreprise gegrënnt.

D'Leit sollen eegen Entreprisë grënnen (03.03.2017)
Ronn 125 Leit, déi bei der Adem ageschriwwe waren, hunn um Programm deel geholl an et goufe 37 Entreprisë gegrënnt.
De Programm „Fit for Entrepreneurship“ war an senger éischter Editioun 2015-2016 e grousse Succès. Dobäi geet et net nëmmen drëm, fir Leit z'encouragéieren, hir eegen Entreprise ze grënnen.

Fit4Entrepreneurship / Reportage Annick Goerens

De Fit4Entrepreneurship, eng Zesummenaarbecht tëscht der Chambre de Commerce, der Adem an der Handwierkerkummer, geet nämlech nach e Schrëtt méi wéit. Den Haaptenjeu vum Programm ass d'Reconversion professionnelle, wéi den Direkter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen erkläert.

Et probéiert een Leit, déi am Chômage sinn, dozou ze beweegen, fir e Betrib ze grënnen. Dat ganz am Kader vun engem Projet Entrepreneurial, wou d'Leit musse begleet ginn, dat duerch Sensibiliséierungen, Formatiounen oder Accompagnement. Et ass e Programm, dee sech op länger Zäit hinzitt a wou ee probéiert, de Leit hiert d'Talent erauszefannen.

© RTL Télé Lëtzebuerg / Christophe Hochard


De Programm wär eng richteg Alternativ an der Reconversion Professionelle. 2015-16 hunn 125 Leit, déi bei der ADEM ageschriwwe waren, um Programm Deel geholl a 37 Entreprisë goufen doduerch gegrënnt. D'Isabelle Schlesser, Directrice vun der ADEM erkläert wéi eng Zort Leit dat sinn.

D'Hallschent vun de Leit koumen aus engem ganz anere Metier an hunn du gesot, datt si hirem Dram wëllen nogoen an eng ganz aner Entreprise grënnen. 62 Prozent vun de Leit hu méi wéi 40 Joer a 70 Prozent hunn e méi héijen Qualifikatiounsniveau wéi e Bac+2. Et ass also ganz kloer, et sinn experimentéiert a qualifizéiert an net méi esou ganz jonk Chômeuren, déi hei am Programm haaptsächlech aktiv sinn.

Erfarunge mat Fit4Entrepreneurship / Rep. Annick Goerens



Eng vun de 37 Entreprisen, d'Epicerie an de Salon de Thé "D'Autrefois" zu Buerglënster, gouf vum Izabela Wojcicka gegrënnt. Dës Entreprise war scho laang den Dram vun der geléierter Franséisch-Enseignante, déi ursprénglech aus Polen kënnt.

Si wousst awer ni, wéi a wou si ufänke sollt. Dowéinst huet si mat hirem Placeur vun der Adem geschwat, deen iwwer dëse Programm Bescheed wousst. Si huet sech also an d'Lëscht agedroen an hire Projet dem Jury virgestallt a gouf ugeholl.

D'Coursë wäre ganz intensiv. Et ware vill Basis-Coursen, Management, Comptabilitéit asw, dobäi. Fir d'Izabela Wojicicka war awer d'Ënnerstëtzung am wichtegsten, déi si alleguer kritt hunn, dat souwuel vun den Enseignanten, wéi och vun den anere Participanten.

Fir den Lionel Chaudier, dee säi Liewe laang manuell geschafft huet, waren et virun allem d'Paperassen, déi hien dovun ofgehalen hunn, säin eegenen Betrib „Immo-Dépannages“ ze grënnen. Eréischt duerch de Programm Fit4Entrepreneurship hätt hien sech du getraut, well hien do alles geléiert huet. Dono, wéi him datt alles kloer war, ass et nach drëm gaangen, fir dat an d'Praxis ëmzesetzen. An do war de Coaching enorm wichteg.

Och d'Editioun 2017-18 soll nees e grousse Succès ginn. An do wëll een an Zukunft och nach méi op d'Begleedung an d'Formatioun vun den Entrepreneure setzen, fir sécher ze goen, dass d'Entreprise och eng laang Liewensdauer wäert hunn.

De Reportage am Toun an am Bild gesitt der den Owend am Journal op der Tëlee.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.