Top Thema MagazinStolpersteng fir Maacher Affer vum Holocaust

Déi 7 Steng, déi Ufank Mäerz verluecht goufen, erënneren un déi 7 Maacher Judden, déi während dem Zweete Weltkrich Affer vun der Shoah gi sinn.

Am Top Thema Magazin ass d'Monika Semedo de Froen nogaangen: Wéi e Schicksal hunn d'Maacher Judden erlieft? Wat bedeit dëse Geste fir Zäitzeien an Nokommen? Wéi reagéiere Passanten an Awunner op d'Stolpersteng?

Reportage: Stolpersteng fir Affer vum Holocaust (30.03.2017)
Wéi e Schicksal hunn d'Maacher Judden erlieft? Wat bedeit dëse Geste fir Zäitzeien an Nokommen? Wéi reagéiere Passanten an Awunner op d'Stolpersteng?


Mam Selma Sommer gouf de 16. Mäerz 1942 de leschte jiddesche Bierger aus Gréiwemaacher am zweete Weltkrich deportéiert, fir d'Nationalsozialiste war du kloer, datt Gréiwemaacher "judenrein" wier. 6 aner jiddesch Matbierger vu Gréiwemaacher hunn dat selwecht Schicksal erlidden, kee vun hinnen ass jeemools zeréck komm. Si goufen ëmbruecht oder si verschwonnen.

Hinne wëll d'Stad Gréiwemaacher mat de Stolpersteng gedenken. Awer och wëll ee sech mat der Vergaangenheet auserneen setzen, wou an der Stad un der Musel jiddesch Matbierger verfollegt goufen.

PDF: Maacher erënnert sech - Stolpersteng

PDF: Stolpersteine - Flyer