“Contraception-Atlas” Lëtzebuerger sinn net gutt iwwer Verhütung opgekläert

Wéi gutt ginn d’Meedercher a jonk Fraen zu Lëtzebuerg iwwert d’Contraceptioun informéiert? Dat huet “Contraception-Atlas” ënner d’Lupp geholl.

Ufank Februar goufen d’Resultater verëffentlecht a Lëtzebuerg schneit do net grad gutt of. De Grand-Duché kënnt op déi 13. Plaz wat d’Informatiounen iwwert d’Verhütung an och den Accès ugeet. Do sollen Nobesserunge gemaach ginn, erkläert d’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro.

Contraceptioun zu Lëtzebuerg / Reportage: Nadine Gautier


Lëtzebuerg louch mat engem Score vu 60.9 Prozent wäit hanner Frankräich an deem Ranking, wat op déi éischte Plaz mat 90.1 Prozent kënnt. Bei den Informatiounen iwwert den Internet huet Lëtzebuerg de Score vun 58.3 Prozent kritt, bei der Fro vum Accès a vun de Rotschléi 62.4. Fir hei besser ofschneiden ze kënnen, wëll den zoustännege Ministère sech elo un den europäesche Parlamentaresche Forum adresséieren, deen hannert der Publikatioun steet, fir weider Donnéeën ze kréien. Esou soll sech d’Situatioun da verbesseren. Et soll och eppes um Niveau vun der Informatioun geschéien, esou d’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch. Eng speziell Internetsäit soll an d’Liewen geruff ginn, déi iwwert déi verschidden Verhütungsmethode soll opklären. Elo scho géif een zwar esou Informatiounen iwwert de Site vun der Santé kréien. D’Regierung ass sech bewosst, datt um Plang vun der Contraceptioun, wat den Accès an d’Informatioun ugeet, eppes muss geschéien, dofir wier och schonn am Kader vum nationale Programm iwwert d’Promotioun vun der Santé affective et sexuelle een nationalen Zenter kreéiert ginn.

D’Lydia Mutsch präziséiert an hirer Äntwert dann och, datt Lëtzebuerg an de leschte Joren d’Verhütungsmëttel fir Frae vu 16 bis 25 Joer an Héicht vun 80 Prozent rembourséiert. Den Donnéeë vun der CNS no hätt een d’lescht Joer bei der Gesondheetskeess een Taux de Couverture vun 52 Prozent gehat.

Et kënnt een op 52 Prozent, well am Programm fir d’Verhütung, esou contraceptesch Medikamenter, wéi d’Daphne oder Diane 35, net mat dra stinn. Och d’Implantater ginn net opgelëscht, déi ginn och net rembourséiert an dann huet een nach d’Meedercher an déi jonk Fraen, déi sech Verhütungsmëttel beim Planning Familial besuergen.

Bei de Meedercher ëm 20 Joer géif den Taux scho bei 80 Prozent oder méi leien, huet et vun der Gesondheetskeess geheescht.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.