Fermeture Grand Hôtel Mercure AlfaD'Schëlter mam Numm goufen erofgeholl

D'Situatioun ass komplex. Eng séier Léisung ass net a Siicht. Wéi et fir d'Mataarbechter weidergeet, ka fir de Moment kee soen.

E Freideg gouf et eng Reunioun tëscht dem OGBL an der Direktioun vum Hotel. Do gouf och nach emol de Konstrukt, wéi den Hotel opgebaut ass, ënnert d’Lupp geholl. Do gouf d’Gewerkschaft dann och gewuer, datt den Direkter ënnert der ALFA SARL agestallt gouf, net ënnert Accor. Konkret heescht datt, datt een op der enger Säit de Proprietaire vun de Maueren huet an dann de Locataire, dat ass den Hotel Alfa Mercur SARL, dee mat Accor ee Manager-Kontrakt huet.

Extrait Romain Daubenfeld (1)



Den OGBL weess och, datt Accor de Moment am Gaangen ass, mam Proprietaire vun de Maueren ze verhandelen. Si sinn dann och gewëllt den Hotel weiderzeféieren, dann awer mat engem richtege Kontrakt. Fir de Romain Daubenfeld ass et onverständlech, datt Accor en Hotel exportéiert an awer kee Kontrakt mam Proprietaire besteet.       

Extrait Romain Daubelfeld (2)



Fir d’Personal wéisst een nach ëmmer net, wéi et soll weidergoen. D'Personal géing hannert dem Direkter stoen a géing och gäre weiderfueren. Si kruten och Versprach, hir Sue vum Mount Mäerz nach ze kréien, ma elo wär et un de Leit, déi do hanne dru stinn, sech ze eenegen, esou de Romain Daubenfeld.   

Extrait Romain Daubenfeld (3)



Hei géif ee Sträit ëm d’Finanzen nees op de Schëllere vun de Leit ausgedroe ginn, datt ass d’Meenung vum Romain Daubenfeld vum OGBL.

Hotel Alfa op der Stater Gare um Mëttwoch vum Dierwiechter zougemaach:

De Romain Daubenfeld hat en Donneschdeg am RTL-Interview confirméiert, datt den Hotel Alfa op der Stater Gare e Mëttwoch vum Dierwiechter zougemaach gouf.

Hotel Alfa ass zou / Reportage Carinne Lemmer



Et gëtt e Sträit tëscht dem Proprietaire vun de Maueren an dem Proprietaire vum Fonds de Commerce, also dem Haaptlocataire. Deen huet et am Laf vun de Joren eng Sous-Locatioun un de Grupp Accor ginn.

Et ass also keng Faillite. Den Hotel wier ee vun deenen an der Stad, déi am Beschten ausgelaascht sinn, sou de Romain Daubenfeld. Och wa Renovatiounsaarbechten néideg sinn, wat och ee Grond ass, firwat et an der Lescht Diskussioune gouf.

Huissieren, Polizisten an Affekote sinn e Mëttwoch op d'Plaz komm, fir d'Etablissement zouzemaachen, an dat mat Effet immédiat.

Tëscht 70 an 80 Salariéë schaffen am Hotel. Si bräichte sech net direkt Suergen ze maachen ëm hir Aarbecht. De Grupp wéilt den Hotel – moderniséiert - weiderféieren an d'Personal deemno halen.