Frëndinnen erwierge VergewaltegerSNJ hëlt Positioun zu kontroversem Danz-Video

Déi brutal Biller an de Message hannert dem Video hu fir vill Opreegung gesuergt, mëttlerweil ass de Video net méi en Ligne.

© RTL Radio Lëtzebuerg / Claudia Kollwelter

Reaktioun vum SNJ / Reportage Claudia Kollwelter



E jonkt Meedche gëtt vergewaltegt, d'Frëndinne wëllen de Vergewalteger stellen an erwiergen e schlussendlech - sou kéint een den Zeenario vun engem Lëtzebuerger Danz-Video resuméieren, deen déi lescht Wochen um Internet zirkuléiert ass. Déi brutal Biller an de Message hannendrun hu fir vill Opreegung gesuergt. Dobäi kënnt, datt d'Produktioun vum Service National de la Jeunesse mat finanzéiert gouf. An Tëscht ass de Video net méi en Ligne an och den SNJ huet Stellung geholl.

Am Kader vum "Projet Go" gi jonk Leit an hir Projeten ënnerstëtzt, dat geet vu Festivaler, iwwer Zeitungen oder Film-Projeten. Déi Jonk sollen encouragéiert ginn, Initiativen ze huelen. Sou war et och fir de Video vum Grupp «Free Bird Productions» mam Numm "Dance Revenge". Den Zeenario, sou wéi e realiséiert gouf, hätt den SNJ net kannt, sou den Direkter Georges Metz. Mat der Ausso vu Selbstjustiz kéint een net liewen, an et kéint een och keng Verantwortung dofir huelen. Elo soll mat de Jonke geschwat ginn. Éischtens géing de Video nämlech de Lëtzebuerger Rechtssystem a Fro stellen, well do wär keng Selbstjustiz virgesinn. Zweetens geet et ëm Mënscherechter, well och e Verbriecher huet d'Recht op eng fair Verteidegung.      

Ënnerstëtzt gouf de Grupp mat 2.000 €. D'Roll vum SNJ wier awer och net elo direkt d'Dieren zou ze maachen, dann hätt een nämlech als SNJ näischt geschafft, esou de Georges Metz. Aus eppes wat net gutt gelaf ass, misst een et elo fäerdeg bréngen, dass déi 20 jonk Leit, déi um Video geschafft hunn, an hiert Ëmfeld verstinn, dass et Prinzipie ginn, déi net ze diskutéiere sinn an et och mat droen.      

Aus där ganzer Affaire huet een awer och eng Léier gezunn. D'Kontrakter sollen eng Kéier iwwerkuckt ginn. An Zukunft wëll den SNJ d'Méiglechkeet hunn, datt a Fäll wou de Logo benotzt gëtt, nach eng Kéier kënnen doriwwer ze befannen a wann d'Ausso géint d'Mënscherechter geet, d'Sue kënnen zeréck ze froen.  

Elo soll mat de Jonke gekuckt ginn, wat problematesch um Clip ass, a wéi ee mat esou eppes kann ëmgoen. Et soll och gekuckt ginn, wéi een hir Aarbecht nawell weise kann, dat awer op eng Manéier, déi acceptabel ass.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.