Hansen-CahenD'Wuert "Kouduerf" an eng Diskussioun op Facebook

Eng gängeg Bezeechnung suergt fir vill Gespréichsstoff - tëscht politeschem Serieux a platte Bauzegkeeten. En typesch lëtzebuergeschen Debat?

Kouduerf – dat Wuert suergt op Facebook fir Opreegung, fir eng Diskussioun tëscht der CSV-Deputéiert Martine Hansen an der DP-Ministesch Corinne Cahen.

An zeg Mënsche kommentéieren an diskutéieren an animéiere mat.



An enger Kommissiounssëtzung um Freideg an der Chamber war der Ministesch dat Wuert „Kouduerf“ erausgerutscht. Et ass ëm Flüchtlinge gaangen an datt och déi, déi méi wäit ewech vun engem Supermarché wunnen, kënne bei der Epicerie op Rieder Iesssaache kafen.

D'Ministesch huet sech direkt fir de Begrëff entschëllegt, falls se een domadder getrëppelt hätt. D'Stëmmung war méi labber an et gouf driwwer gelaacht.



Duerno huet d'CSV-Deputéiert sech awer op Facebook hir Gedanken iwwert d'Wuert Kouduerf gemaach a wat dat giff bedeiten. Useren hunn äifreg mat diskutéiert an d'Ministesch och beleidegt.



Déi huet sech hirersäits doropshin op der selwechter Plattform beklot an huet Saache präziséiert. Si giff sech fir d'Madame Hansen schummen. Si hätt geduecht, si géinge Politik maachen.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.