ZeienopruffAccident virgetäuscht, Mann zesummegeschloen a Sue geklaut

E Samschdeg de Moie géint 5.15 Auer wollt ee Motocyclist tëscht Lenneng an Éinen enger Fra hëllefen, déi anscheinend eng Pann mam Auto hat.

De Mann war mam Moto ënnerwee fir op d'Aarbecht, wou en den Auto, mat de 4 Winkere un an engem oppene Capot, gesinn huet. Nieft dem Auto stoung eng Fra, déi mat enger Täscheluucht op sech opmierksam gemaach huet. D'Fra huet op Franséisch gemengt, si hätt eng Pann mam Auto.

E bësse méi spéit krut d'Fra vum Motocyclist vun engem Aarbechtskolleg ugeruff, dass hire Mann nach ëmmer net op der Aarbecht ukomm wär. Doropshin huet d'Fra sech op d'Sich no hirem Mann gemaach an huet en nieft sengem Moto fonnt. De Motocyclist war net uspriechbar.

Hie gouf vun enger onbekannter Persoun zesumme geschloen a konnt sech un näischt méi erënneren. Aus senger Posch goufe Sue geklaut. 

Den Auto mat der vermeintlecher Pann war en 3-Dierer, eelere Joergang, Typ Peugeot 205, eventuell mat franséischer Plack. 

Wien eppes gesinn huet, soll sech bei der Police ënnert der Nummer 4997-7500 mellen.