ZeienopruffLäich vu 27 Joer ale Mann ënner Bockfiels fonnt

An der Rue Sosthène Weis an der Stad hu Passanten um Samschdeg den Owend géint 20.45 Auer d'Läich vun engem Mann fonnt.

© RTL Télé Lëtzebuerg - Domingos Oliveira
Antëscht konnt d'Persoun identifizéiert ginn. Et handelt sech ëm e 27 Joer ale Mann aus der Belsch.



E Rucksak, deen dem Mann gehéiert huet, gouf op der Aussiichtsplattform um Bockfiels erëmfonnt.

© RTL Télé Lëtzebuerg - Domingos Oliveira


Eventuell Zeie solle sech bei der Police um 4997-4500 mellen.

Der Kaart, déi d'Police matgeliwwert huet, no dierft de Mann op der Säit vis-à-vis vun Neimënster fonnt gi sinn.

© RTL Télé Lëtzebuerg - Domingos Oliveira