OpgepasstFalsch Daachdecker am Süde vum Land ënnerwee

D'Police warnt viru falschen Daachdecker, déi am Süde vum Land ënnerwee sinn.

An de leschten 3 Woche goufen op d'mannst 20 Fäll gemellt, wou déi Onéierlech zougeschloen hunn.

Et ass meeschtens e Grupp vun zwou bis dräi Persounen, dee bei de Leit schellt a behaapt, e Schued um Daach erkannt ze hunn.
Während de falsche Fléckaarbechte ginn da Sue respektiv Wäertsaache geklaut.

Wee vun esou falschen Daachdecker kontaktéiert gëtt, soll sech direkt bei der Police mellen.

PDF: Tipps vun der Police.