Illegal OflauschteraktiounKeng Äntweren op Froen, déi sech stellen

Weder de Staatsminister Xavier Bettel nach d'Geheimdéngschtcheffin Doris Woltz wollte Stellung huelen an hunn op e Communiqué vum Sonndeg verwisen.

Illegal Ecoute vum SRE (20.03.2017)
Oppositioun gëtt sech net mat de schrëftlechen Explikatioune vum Staatsminister zefridden

No de Revelatiounen e Samschde vum Tageblatt, dass et eng illegal Oflauschteraktioun vum Geheimdéngscht gouf, stelle sech natierlech eng Rëtsch Froen.

Froen, déi mer dem zoustännege Staatsminister Xavier Bettel e Méindeg de Moie stelle wollten. Deem säi Pressespriecher Jo Clees huet allerdéngs op eis Ufro hi geäntwert, dass e Sonndeg e Communiqué publizéiert gouf, an deem alles drastoung. An och beim SRE gouf een de Moien net méi gewuer, Eric Ewald:

Nei SRE-Affär / Reportage Eric Ewald

Och der Geheimdéngschtcheffin Doris Woltz wollte mer natierlech Froe stellen: Beim SRE gouf awer un de Jo Clees verwisen, soudass de Krees séier zou war.

Dee Jo Clees huet, wéi gesot, op de Communiqué vun e Sonndeg higewisen, an deem virop dovu Rieds goung, dass Enn Dezember beim Geheimdéngscht déi néideg Dossiere fir d'Geneemegunge vun Demandë preparéiert goufen, fir Oflauschteraktiounen ze verlängeren, déi Ufank Januar auslafe géifen. Dem SRE-Gesetz no ass dofir d'Zoustëmmung, virdrun, vun enger Spezialkommissioun noutwendeg, déi aus 3 Magistraten zesumme gesat ass, an d'Autorisatioun vum Geheimdéngscht-Ministeschcomité.

Bei de Virbereedunge vum Iwwerdroe vun deenen Demandë wär, wéi et am Schreiwes vum Staatsministère heescht, aus Versinn een Dossier net finaliséiert an deemno net fir d'Geneemegung weidergeleet ginn. Dowéinst wär eng Iwwerwaachungsmoossnam ouni déi néideg Autorisatioun verlängert ginn. De Feeler wär ee Mount drop opgefall, bei enger interner Kontroll.

D'Direktioun vum SRE hätt doropshin direkt gefuerdert, dass all d'entspriechend Opname gestoppt an zerstéiert géife ginn, genee wéi Informatiounen doraus. Heiriwwer wär ënner anerem de Premier informéiert ginn, dee jo de Geheimdéngscht a senge Kompetenzen huet. Iwwert déi „faute non intentionnelle“ wär ënner anerem och d'parlamentaresch SRE-Kontrollkommissioun an d'Bild gesat ginn. Et wär zu deenen néidegen Upassunge komm, fir dass sech sou e Feeler an Zukunft net widderhëlt, an déi dofir verantwortlech Persoun hätt aner Aufgabe kritt.

D'Froen, déi sech dozou stellen, sinn natierlech déi, wien ofgelauschtert gouf,ob et sech net ëm e ganz héich gestallte Politiker dréint, wéi et dozou komme konnt a wat fir Konsequenze sech dorausser fir den zoustännege Minister Xavier Bettel an d'Geheimdéngschtchefin Doris Woltz erginn, déi vläicht domat sollt destabiliséiert ginn? D'CSV huet e Méindeg de Moien och schonn eng Reunioun vun der Chamberkommissioun vun den Institutiounen a vun der Verfassungsrevisioun a Presenz vum Staatsminister a vun der SRE-Chefin gefrot.