Schlecht verstopptPëllen, Heroin, Kokain a Streckmëttel an zwou Wunnenge fonnt

E Sonnde waren 2 Polizisten op der Stater Gare ënnerwee, wéi si 3 Persoune gesinn hunn, déi versicht hunn, sech virun hinnen ze verstoppen.

Déi 3 Männer goufe kontrolléiert. D'Polizisten hunn um Wee, deen déi Verdächteg gemaach haten, direkt e puer Bulle Kokain an Heroin fonnt. Déi 3 hunn am Policeauto däerfe Plaz huelen a si mat op de Kommissariat geholl ginn.

Bei enger vun de Persounen huet et sech ëm e presuméierten Drogendealer gehandelt. Hien hat bor Suen an e puer Handye bei sech. Déi aner zwee Häre sinn no kuerzer Zäit nees op fräie Fouss gesat ginn.

De Parquet huet eng Hausduerchsuchung op zwou Plazen ordonnéiert. Et goufe schlussendlech iwwer 200 Pëllen, 5 Handyen, eng kleng Quantitéit Kokain, ronn 20 Gramm Heroin, 20 Gramm Streckmëttel an eng Rei Waasserpäife fonnt a konfiskéiert.

2 Persounen, déi sech während der Hausduerchsuchung an enger vun de Wunnengen opgehalen hunn, goufen op Uerder vum Parquet och festgeholl. Si haten, zesumme mat deem aneren Dealer, e Méinden de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Weider mellt d'Police, datt zu Bartreng an der Garer-Strooss um Méindeg de Moien tëscht 5.30 Auer an 9 Auer e groe Range Rover mat de Placken DM6054 geklaut.

Dogéint gouf zu Käerjeng géint 8.30 Auer e Moto saiséiert, well de Chauffeur kee Permis hat, mat deem hien déi Maschinn dierf steieren. Wéi de Mann uginn huet, datt dëst am Ausland erlaabt wier, hunn d'Beamte vun der Police dat nogefrot an de Mann hat och do net de Permis, fir d'Gefier ze steieren. De Parquet gouf informéiert an d'Gefier saiséiert.